Basket
"Non-Jicl"-Reegel gëtt vun nächster Saison u geännert

© RTL
Um Kongress vun der Basket Federatioun gouf e Samschdeg decidéiert, datt vun nächster Saison un d'Veräiner kënnen mat 4 "Non-Jicl"-Spiller untrieden.
Basket-Kongress: Ännerung vu "Non Jicl"-Reegel / Reportage Jeff Kettenmeyer
Dovun dierfen awer just zwee vum Club ugestallt sinn, deemno als Profi am Kader stoen. Dës Propos vun der FLBB krut vun de Veräiner eng knapp Majoritéit vun 51,06%. Als "Non-Jicl" zielt een, wann ee virum 16. Liewensjoer net an engem Club ageschriwwe war.
Den Optakt vum Championnat ass den 21. September.
D'FLBB schafft den Ament un enger Iddi fir den éischte Spilldag vum Damme-Championnat den 22. September an der Coque ze spillen.

Am meeschte gelies