Donieft iwwerhëlt Stuttgart d'Bayern a gëtt Vizechampion wärend Heidenheim d'nächst Saison international spille kéint.

Heidenheim huet Köln vun Ufank un dominéiert a louch schonn no 36 Minutten mat 3:0 a Féierung. Um Enn heescht et 4:1 fir den Opsteiger, woumat Köln zesumme mat Darmstadt direkt an déi zweet Bundesliga ofsteigt. Well Heidenheim eng besser Differenz wéi Bremen huet, qualifizéiert den Opsteiger sech fir d'Conference League, dat awer just wa Leverkusen d'Coupefinall géint Kaiserslautern gewënnt.

Eng spektakulär Partie hunn d'Spectateure bei Union Berlin géint Freiburg ze gesi kritt. Union huet am éischten Duerchgang en Eelefmeter verschoss, konnt no 68 Minutten awer a Féierung goen. Freiburg huet kuerz viru Schluss ausgeglach, ma Union krut an der Nospillzäit ee weideren Eelefmeter. Deen huet de Volland zwar verschoss, ma den Haberer huet mam Noschoss fir den 2:1 gesuergt. Domat kann Union Berlin sech um leschte Spilldag retten a muss wéinst der Bochumer Defaite net an d'Relegatioun, Freiburg verpasst iwwerdeems déi international Qualifikatioun.

Bremen hat doheem keng Problemer mat Bochum an huet sech verdéngt mat 4:1 duerchgesat. Wéinst dem Succès vun Union an der besserer Goldifferenz vun de Berliner muss Bochum als 16. an d'Relegatioun, wou een op den Tabellendrëtte vun der 2. Bundesliga trëfft. Bremen verpasst iwwerdeems déi europäesch Qualifikatioun opgrond vun der Goldifferenz.

Leverkusen huet och géint Augsburg näischt ubrenne gelooss a ka sech iwwert eng 2:1-Victoire souwéi iwwert en historesche Succès freeën. D'Ekipp vum Xabi Alonso ass den éischten däitsche Champion, deen eng ganz Saison iwwer ongeschloe bleift. Vun de Punkten hir huet d'Werkself donieft mat 90 Punkten déi zweetbescht Saison ausgeglach, just d'Bayern haten 2012/13 nach ee Punkt méi.

Hoffenheim louch géint d'Bayern schonn no 6 Minutten mat 0:2 a Réckstand, ma en Hattrick vum Kramaric huet spéit dofir gesuergt, dass Hoffenheim sech um Enn mat 4:2 behaapte kann. Parallel huet Stuttgart däitlech mat 4:0 géint Mönchengladbach gewonnen, woumat Stuttgart um leschte Spilldag nach Vizechampion gëtt an d'Bayern op Plaz 3 falen. Hoffenheim bleift wéinst dem Remis vu Frankfurt awer op Plaz 7.

Nodeems ee fréi zrécklouch konnt Mainz d'Partie dréinen a sech mat 3:1 zu Wolfsburg duerchsetzen, woumat een de Klassenerhalt aus eegener Kraaft gepackt huet. Duerch déi aner Resultater wier een awer och ouni Punkt gerett gewiescht.

Donieft trenne sech Frankfurt a Leipzig2:2 an Dortmund setzt sech beim leeschten Heemmatch vum Marco Reus mat 4:0 géint Darmstadt duerch. D'BVB-Legend huet ee Gol opgeluecht a per Fräistouss ee geschoss.

D'Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.

D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.

Spilldag

D'Tabell vun der Bundesliga

Tabell