De Bob Bertemes an den Tom Habscheid waren e Samschdeg am Asaz
An der Liichtathletik ass dëse Weekend den Interclub Championnat. Um éischten Dag stoung ënnert anerem d'Bommstoussen bei den Hären um Programm.
E Samschdeg de Mëtteg um 14h30 zu Ettelbréck huet de Bob Bertemes sech fir eng vu sengen éischte Kompetitiounen dobausse waarm gemaach. Säin Zil, eng gutt Form fir d olympesch Spiller zu Paräis. Och den Tom Habscheid huet sech agestouss. Hien ass zréck aus der Sportler-Pensioun an huet schonn zweemol déi minimal Wäit vun 12,50 Meter fir déi paralympesch Spiller gepackt.
Den Diddelenger huet mat der fir hien ongewinnte 7-Kilo-Bomm dobaussen eng éischte Kéier iwwer 13 Meter gestouss. Op paralympesche Kompetitiounen huet d'Bomm nämlech 1 Kilo manner. Mat 13,11 Meter klasséiert hie sech haut op der drëtter Plaz.
De Bob Bertemes hat seng Schwieregkeete mam Krees. Vun de 6 Versich waren der de Mëtteg 5 ongülteg. Um Enn hat de Bielesser eng Wäit vun 20,33 Meter zu Buch stoen a gewënnt domat virum Sven Forster an dem Tom Habscheid.
Muer geet den Interclub Championnat mam zweeten Dag zu Ettelbréck op en Enn. Och zu Rehlingen an Däitschland si muer eng ganz Réi Lëtzebuerger bei engem international ganz staark besate Meeting am Asaz.