D'Skyblues gewannen um leschte Spilldag géint West Ham, wärend Arsenal just gläich spillt. Zu Liverpool huet de Jürgen Klopp Äddi gesot.

Um leschte Spilldag huet Manchester City de véierte Meeschtertitel hannerteneen an den néngten Titel an der Veräinsgeschicht kloer gemaach. Duerch den 3:1 doheem géint West Ham war de Citizens déi éischt Plaz net méi ze huelen. Domat goungen 5 vun de leschte 6 Meeschtertitelen an d'Hänn vun de Skyblues. D'Ekipp vum Pep Guardiola huet vun Ufank u gewisen, dass d'Coupe an den Hänn wëllen halen. Duerch zwee séier Goler vum Foden war d'Uspanung eraus. De Gol vu West Ham huet d'Skyblues kuerz ziddere gelooss, mee de Rodri huet d'Gemidder nees berouegt.

Arsenal hat nëmmen nach theoreetesch Chancen op d'Meeschterschaft an huet op en Ausrutscher vu ManCity mussen hoffen. Et hat laang no engem Gläichspill ausgesinn, mee kuerz viru Schluss ass duerch den 2:1 bei Arsenal nach eng Kéier Hoffnung opkomm. Dat war awer vergeeblech.

Zu Liverpool krut de Jürgen Klopp bei sengem leschte Match als Trainer vun de Reds en 2:0 vu senger Ekipp géint Wolverhampton ze gesinn. Liverpool schléisst d'Saison op der drëtter Plaz of a spillt, wéi Aston Villa, d'nächst Saison an der Champions League. Tottenham trëtt d'nächst Saison an der Europa League un an Chelsea an der Conference League.

Mat Luton Town, Burnley a Sheffield stoungen d'Ofsteiger scho virum leschte Spilldag fest. Et sinn déi dräi selwecht Ekippen, déi virun engem Joer an d'Premier League opgestige waren.

Premier League

Brighton - Manchester United 0:2
0:1 Dalot (73'), 0:2 Hojlund (88')

Arsenal - Everton 2:1
0:1 Gueye (40'), 1:1 Tomiyasu (43'), 2:1 Havertz (89')

Chelsea - Bournemouth 2:1
1:0 Caicedo (17'), 2:0 Sterling (48'), 2:1 Badiashile (49', Eegegol)

Liverpool - Wolverhampton 2:0
1:0 Mac Allister (34'), 2:0 Quansah (40')

Manchester City - West Ham 3:1
1:0 Foden (2'), 2:0 Foden (18'), 2:1 Kudus (42'), 3:1 Rodri (59')

Sheffield - Tottenham 0:3
0:1 Kulusevski (14'), 0:2 Porro (59'), 0:3 Kulusevski (65')

Serie A

Inter Mailand - Lazio Roum 1:1
0:1 Kamada (32'), 1:1 Dumfries (88')

Ligue 1

La Liga