Bundesliga
Florian Wirtz als Spiller vun der Saison ausgezeechent

© JURGEN FROMME / firo Sportphoto / DPPI via AFP
Den 21 Joer alen Offensivspiller vu Bayer Leverkusen huet dës Saison an der Bundesliga 11 Goler geschoss an 11 weiderer virbereet.
Domat hätt hien der "Deutschen Fußball Liga" (DFL) no e wichtegen Deel zum éischte Leverkusener Championstitel an der Veräinsgeschicht bäigedroen.
De Wirtz kann dës Saison iwwerdeems nach zwee weider Titele mat sengem Veräi gewannen. E Mëttwoch trëfft Leverkusen an der Finall vun der Europa League op Atalanta Bergamo an e Samschdeg spillt een an der däitscher Coupefinall géint Kaiserslautern.
Am meeschte gelies