E Mëttwoch de Moien huet den Nationaltrainer vun der Dammefuttballnationalekipp Dan Santos de Kader fir de Match géint Albanien de 4. Juni matgedeelt.

Viru ronn engem Mount gouf et heiheem fir den Optakt eng 2:1-Victoire géint d'Albanerinnen. Allerdéngs muss den Nationaltrainer elo beim Réckmatch op esou munch Spillerinne verzichten.

Duerch Goler vum Charlotte Schmitt an dem Amy Thompson ass d’Damme Futtballnationalekipp mat enger gudder Prestatioun géint Albanien an d’Nations League gestart. De Favorit aus dem Grupp C5 ass awer op Revanche aus. Virun eegenem Public stinn d’Albanerinnen mam Réck zur Mauer a musse gewannen, fir an der Course fir déi éischte Plaz ze bleiwen. Dat weess och de Lëtzebuerger Nationaltrainer Dan Santos.

Fir d'Éischt spillt Albanien awer auswäerts géint den Gruppeleschten Estland, ier een et da véier Deeg méi spéit mat de roude Léiwinnen ze di krit.

Den Nationaltrainer Dan Santos muss awer op ganzer néng Spillerinnen verzichten. Sou feelen ënner anerem d’Eva Fernandes an d’Claudia Veloso blesséiert. Wéinst den Premièresexame sinn ënner anerem d’Joana Lourenco an d’Klyie Merlevede net mat dobäi. Allerdéngs kënne sech zum Beispill d’Julie Marques an d’Emma Goetz iwwert hire Retour am Krees vun der Nationalekipp freeën.

Duerch d'2:1-Victoire géint Albanien am Allersmatch hunn d'Rout Léiwinne vill Confiance getankt. Den Opstig an d'Liga B an d'Nations-League-Playoffs sinn ee grousst Zil. Allerdéngs wëll ee bei der FLF-Selektioun mat de Féiss um Buedem bleiwen, präziséiert den Dammen Nationaltrainer.

Et däerf ee gespaant sinn, wéi d'Rout Léiwinne sech an Albanien aus der Affär zéien. Zum Ofschloss vun der Nations League spillt d’Ekipp vum Dan Santos dann nach zweemol am Juli géint Estland.