Basket
Ben Kovac fir zweete Kéier noenee Champion an der Slowakei

© Patrioti Levice
Am Basket ass et d'Nouvelle, dass de Ben Kovac fir déi zweete Kéier noeneen de Championstitel an der Slowakei feiert.
De Lëtzebuerger Nationalspiller wënnt um Mëttwoch mat senger Ekipp Patrioti Levice auswäerts mat 104:64 géint de Géigner Rytieri. Domat setzt sech Levice an der Best-of-5- Serie mat 3:1 duerch a verdeedegt de Championstitel.
Fir de Kovac ass et an senger zweeter Saison bei der Ekipp den zweeten Titel. Als Kapitän vun der Ekipp huet de Lëtzebuerger Kovac an der Finall staark Matcher gewisen. Am éischte Match vun der Serie koum hien op 20 Punkten, am Schnëtt huet hien an den dräi Matcher 9 Punkten markéiert.
Am meeschte gelies