De Vincent Kompany soll neien Trainer beim FC Bayern München ginn

De Veräi wier sech mam fréiere belschen Nationalspiller eens ginn. Dat mellen ënnert anerem däitsch Medien.
De Vincent Kompany ass aktuell nach Trainer beim FC Burnley an ass mam Veräin aus der englescher Premier League ofgestigen. Säi Kontrakt bei Burnley leeft nach bis 2028.
Déi däitsch Bild-Zeitung mellt, den FC Bayern hätt e mëndlechen Accord mam Kompany. Als éischt koum déi Meldung vum Guardian. Hei ass dann och ze liesen, dass d'Bayern e Mëttwoch mam Burnley-Besëtzer Alan Pace verhandelt hätten, an dass den Deal bis Enn vun der Woch soll stoen.
De Vincent Kompany huet als aktive Spiller ënnert anerem fir den HSV an der Bundesliga gespillt, a war laang Jore Kapitän bei Manchester City. Als Trainer war e viru Burnley beim RSC Anderlecht.
Den FC Bayern München sicht jo scho méi laang no engem neien Trainer, nodeems de Veräi schonn am Februar decidéiert hat, sech vum Thomas Tuchel ze trennen. Zanterhier goufen eng sëllegen Nimm als Wonschkandidate fir d'Nofolleg genannt. Sief et de Xabi Alonso, de Julian Nagelsmann oder och nach de Ralf Rangnick, fir just déi ze nennen. Kee vun dëse Kandidate war gewollt, bei de Bayern ze ënnerschreiwen. Rezent haten d'Bayern dann och nach probéiert, awer nees en Accord mam Thomas Tuchel ze fannen, fir dass hien Trainer bleift. Och dat ass gescheitert.
Deemno däerf ee gespaant sinn, ob d'Beméiungen ëm de Vincent Kompany hir Friichte wäerten droen.