Dëse Weekend geet d'Lëtzebuerger Futtball-Championnat op en Enn
Wien nieft Schëffleng ofsteigt a wéi eng Ekipp et nach an d'Qualifikatioun fir d`Conference League packt, déi Fro bleift virum leschte Spilldag op.
Fänke mer mat de Plaze fir d'Conference League un: Nodeems d'Lëtzebuerger Futtball-Federatioun den Ekippe vum Swift Hesper, der Escher Jeunesse awer och Péiteng an dem zweeten Escher Club, der Fola keen Akkord fir eng UEFA-Lizenz ginn hat, ass besonnesch déi 5. Plaz am Championnat an de Fokus geréckelt. Hesper als Zweete vum Championnat kënnt am Moment bekanntlech net a Fro, an domat kéint Stroossen als 5. vun där Situatioun profitéieren. Déi Stroossener musse sech de Sonndeg awer op den Hesper Holleschbierg deplacéieren, eng schwiereg Aufgab, mam Wëssen, dat een 1 Punkt brauch fir viru Rouspert ze bleiwen.
Klappt et net mat deem Punkt fir Stroossen, da kéint Rouspert hinnen nach e Stréch duerch d'Rechnung maachen. Mat enger héijer Victoire géint den Ofstigskandidat Miersch a gläichzäiteg enger Néierlag vu Stroossen géint Hesper kéint Rouspert nach laanscht Stroossen zéien.
Dës Woch war och gewuer ze ginn, datt souwuel Hesper wéi och d'Jeunesse géint d'Entscheedung vun der Federatioun wéinst der UEFA-Lizenz Recours beim CLAS ageluecht hunn. Lo hänkt villes dovunner of, wéi séier d'Lëtzebuerger Sportsgeriicht eng Decisioun hëlt. D'Auslousung fir déi éischt Qualifikatiounsronn fir d'Conference ass den 18. Juni.
Ëm Ofstig an d'Relegatiounsplaze bleift et spannend. Monnerech a Käerjeng spillen an enger extrem wichteger Partie hir sécher Plaz an der ieweschter Klass aus. 1 Punkt geet Monnerech duer, fir a Sécherheet ze sinn. Mat enger Victoire vu Käerjeng géife si an d'Relegatioun rutschen an déi Käerjenger wieren hirer Plaz an der ieweschter Klass sécher. Miersch kritt et bekanntlecher Weis mat Rouspert ze dinn. Si musse fir den Ofstig sécher ze verhënneren auswäerts do gewannen a géife sech sou an d'Relegatioun retten. Den eelste Lëtzebuerger Veräin, déi Escher Fola, muss géint den neie Champion Déifferdeng bei sech doheem um Gaalgebierg onbedéngt gewannen, fir den direkten Ofstig ze verhënneren. Géif dat klappen, sou mussen déi Escher awer nach op eng Néierlag oder e Gläichspill vu Miersch zu Rouspert hoffen.
D'Matcher kënnt Dir vu 16 Auer un an der RTL Live Arena an am Liveticker op RTL.lu suivéieren.