Um Enn huet dem Lëtzebuerger Golkipp mat senger Ekipp ee Punkt op de Meeschter FC Bruges gefeelt.

Um Sonndeg huet d'Union St.-Gilloise mat 2:0 géint Genk d'Iwwerhand behalen. Den Anthony Moris stoung wéi gewinnt de ganze Match tëscht de Pottoen a gouf um Enn Vizemeeschter mat senger Ekipp. De Golkipp spillt nächst Saison d'Qualifikatioun fir d'Champions League.

An den USA huet de Maxime Chanot 1:0 mat Los Angeles FC zu Atlanta gewonnen. Den Ofwierspiller stoung de ganze Match um Terrain.

Stal Rzeszow huet a Polen de leschte Match 1:2 géint Polonia verluer. De Sébastien Thill stoung vun Ufank un um Terrain, krut an der 57. Minutt déi giel Kaart gewisen a gouf an der 88. Minutt ausgewiesselt. Rzeszow schléisst d'Saison op der 11. Plaz of.

Den Enes Mahmutovic huet mat ZSKA Sofia 0:1 géint Lokomotive Plovdiv verluer. Sofia läit an der Tabell op der 3. Plaz.

Samschdeg

De Vincent Thill stoung bei 1:0-Victoire vu Sabah Baku bei Neftçi Baku wéinst senger Blessur net am Kader.  Sabah Baku steet an der Tabell op der 3. Plaz a spillt domadder nächst Saison d'Qualifikatioun fir d'Conference League.

An der 2. éisträichescher Liga huet St. Pölten zu Horn 3:1 gewonnen. Den Dirk Carlson stoung de ganze Match an der Ofwier um Terrain. An der Tabell steet St. Pölten um Enn vun der Saison op der 9. Plaz.

Vojvodina huet sech a Serbien 1:0 géint FK Mladost Lučani duerchgesat a steet den Ament op der 4. Plaz an der Tabell. Déi Plaz géing duergoen, fir nächst Saison international ze spillen. De Seid Korac huet déi ganz 90 Minutte gespillt.

Freideg

An der Ukrain huet LNZ Cherkasy um Freideg 1:0 géint Worskla Poltawa gewonnen. Den Olivier Thill huet an der 16. Minutt e Corner direkt am Filet ënnerbruecht. De Mëttelfeldspiller stoung vun Ufank un um Terrain a gouf an der 70. Minutt ausgewiesselt. LNZ Cherkasy schléisst d'Saison op der 7. Plaz an der Tabell of.