Am Futtball huet d'Fola et "in extremis" gepackt, fir an der ieweschter Divisioun, vun der Ofstigs- op d'Relegatiounsplaz ze kommen.

Déi Escher waren quasi d'ganz Saison um Wupp vun der Tabell. E Sonndeg huet d'Ekipp vum Gaalgebierg misse géint den neie Champion FC Déifferdeng 03 gewannen. D'Uspanung bei deene Rout-Wäissen war natierlech enorm.

Fola "in extremis" op Barrageplaz - Reportage vum Franky Hippert

D'lescht Saison hat sech d'Fola schonn an allerleschter Sekonn iwwert de Relegatiounsmatch an der héchster Divisioun gehalen. De Sportdirekter vun deenen Escher, de Pascal Welter, huet esou Situatiounen also scho kannt.

Pascal Welter:"Well ech wousst jo wéi all Match, dass de Staff an d'Spiller de Match gutt preparéiert haten, an dass et ëm vill gaangen ass fir eis alleguerten. Ech hat perséinlech gehofft, Déifferdeng géif méi dréine loossen, souwéi mir dat an der Vergaangenheet emol gemaach hunn, dass dee leschte Match dann all déi Jonk, déi net vill gespillt hunn, an den Asaz kéimen an déi géife spillen. Mä dat war just deelweis de Fall. An, bon, do musse mer soen, mir woussten, dass dee Match do kéint op Phase arrêtéeën decidéiert ginn, a vu que dass mir deen no zwou Minutten e Fräistoussgol gemaach hunn, an no zwanzeg Minutten e Corner eragemaach hunn, do hu mer alleguerten ugefaangen ze gleewen. Ech perséinlech och, well ech och natierlech wousst, dass Rouspert misst wannen, well se gemierkt hunn, jo, well Hesper war vir géint Stroossen, soudass mer soen, Rouspert muss wannen. Miersch, déi waren an enger, éischter an enger méi schwiereger Phas. An dat huet eis natierlech gehollef, dass dat eis weider motivéiert huet. An ech hunn och zum Schluss permanent op den Handy gekuckt."

Virun allem huet de Pascal Welter sech awer iwwer eppes ganz besonnesch gefreet.

Pascal Welter:"Ech muss soen, dass ech extreem glécklech war ze gesinn, wéi vill Häerz eis Spiller op den Terrain geluecht hunn. A si hu fir mech dee Match taktesch och gewonnen. Si hu Kilometere gemaach. A mir haten dräi ganz jonk Spiller an der Mëtt, ech mengen, do war keen iwwer zwanzeg Joer. An dat huet mech extreem stolz gemaach. An ech mengen, dass mer och de Barragëmatch, dass mer eis do qualifizéiert hunn, net geklaut hunn."

Schëffleng a schliisslech Miersch steigen direkt of, d'Fola spillt e Sonndeg de Relegatiounsmatch géint Rëmeleng aus der Éierepromotioun, an Käerjeng muss e Freideg géint Hueschtert aus der Promotioun untrieden.