D’Celtics hunn de 4. Match 105 op 102 géint d’Indiana Pacers gewonnen a séchere sech domadder den Titel als Meeschter vun der Eastern Conference.

An der Finall geet et elo entweder géint d’Dallas Mavericks, oder d’Minnesota Timberwolves. Dallas féiert an där Serie mat 3-0 a brauch deemno och just nach eng Victoire. De 4. Match ass an der Nuecht op e Mëttwoch.