Fir déi éischte Kéier zanter 2011 konnt sech den HC Bierchem d'Meeschterkroun am nationalen Hären-Handball opdinn.

Ee groussen Undeel dodrun hat och den Nationalspiller Raphael Guden, deen no engem Intermezzo an der drëtter däitscher Liga, ee weidert Engagement an Däitschland ofgesot huet.

2020 wärend der Corona-Pandemie ass de Raphael Guden vum HC Bierchem bei d'TuS Dansenberg an déi drëtt däitsch Liga gewiesselt. 2022 dunn de Schratt nees zeréck op Lëtzebuerg bei déi Réiserbänner. Den 23 Joer jonke Réckraumspiller huet seng Decisioun fir de Schratt an d'Ausland ze maachen, ni bereit.

"D'Corona hate mer e grousse Stréch duerch d'Rechnung gemaach. Ech si e bëssen ausser Form komm, doduerch dass d'Saison eeben esou fréi opgehalen huet. Direkt a mengem éischten Testmatch, a menger zweeter Situatioun am Ugrëff, goung mir de Meniskus futti. Dunn hunn ech 6 Woche gebraucht, fir erëm ran ze kommen. Déi Saison drop huet de Veräin decidéiert, den Trainer eraus ze geheien, 4 Wochen ier d'Saison sollt lass goen. Mat deem Trainer sinn ech dunn net méi eens ginn an ech hu gemierkt, datt ech do keng Roll méi spillen."

Viru Kuerzem krut de Raphael Guden op en Neits eng Propose aus der drëtter däitscher Liga. Um Enn ass aus dem Wiessel awer näischt ginn.

"Am Endffekt ass et doru gescheitert, dass déi Leit, mat deenen ech geschwat hunn, vum Veräin ecartéiert goufen. Doduerch hunn ech dunn och entscheet dat ofzebriechen.(...) D'nächst Joer sinn ech och nach bei Bierchem, d'nächst Joer sinn ech och nach an Evergreen."

De Raphael Guden ass och dës Woch Invité an eisem Podcast "Drëtt Hallschent - De Sporttalk", deen dir souwuel um RTL Play wéi och op villen anere Podcastplattforme kënnt lauschteren.