De "Ballon d'Or", mat dem den Diego Maradona 1986 ausgezeechent gouf, war jorelaang verschwonnen. Lo dierf se versteet ginn, trotz Klo vu senge Kanner.

D'Kanner vun der argentinescher Futtballlegend hunn a Frankräich e Prozess ëm eng vu senge wäertvollste Coupe verluer. Jorelaang war de "Ballon d'Or" vum Diego Maradona verschwonnen, elo si seng Ierwen doru gescheitert, ze verhënneren, datt d'Coupe de 6. Juni zu Paräis versteet gëtt.

D'Ierwe vum Futtballer Maradona hate géint d'Stee geklot, well d'Coupe der Famill no dräi Joer no der argentinescher Victoire bei der Weltmeeschterschaft bei engem Bankiwwerfall zu Neapel geklaut gi war. Fir d'Geriicht hat et awer net genuch Beweiser dofir ginn, wouropshin d'Klo zeréckgewise gouf. "Et ass deemools ni Plainte wéinst dem Déifstall gemaach ginn a kann och net eleng nëmmen duerch Zeitungsartikele beluecht ginn", hat et an der Begrënnung vum Urteel geheescht, wéi de Spiegel schreift.

Géint dës Decisioun waren d'Kanner vum Maradona awer direkt an Appell gaangen. "D'Famill wëll dëse Ball zeréckkréien, dat argentinescht Vollek wëll dëse Ball zeréckkréien", huet d'Affekotin Lola Chunet en Donneschdeg virun der Urteelsverkënnegung zu Nanterre erkläert.

D'Affekote vun den Ierwen haten argumentéiert, datt d'Coupe, déi bei der Auktioun Milliounen abrénge kéint, den Ierwe vum Diego Maradona zoustoe géing. Doriwwer eraus wier de "Ballon d'Or" deemools beim Bankiwwerfall zu Neapel geklaut ginn. Datt d'Coupe elo soll versteet ginn, wieren d'Kanner vum Futtballer, deen 2020 gestuerwen ass, ausserdeem eréischt e puer Woche virun der Stee gewuer gi sinn.

Fir d'Auktiounshaus Aguttes zu Neuilly-sur-Seine huet den Usproch vun der Famill op d'Coupe "35 Joer no engem presuméierten Déifstall" als "opportunistescht Virgoe" bezeechent.