No der Victoire e Samschdeg géint Aserbaidjan hunn d'Rout Léiwe mat 0:3 eng däitlech Néierlag géint Estland kasséiert.

D'Victoire géint Aserbaidjan e Samschdeg hat wuel ze vill Kraaft kascht. Um leschte Spilldag vun der CEV European Golden League huet Lëtzebuerg géint Estland kloer mat 0:3 de Kierze gezunn.

D'Ekipp vum Trainer Pompiliu Dascalu hat vun Ufank u keng Chance géint Estland, dat de vergaangene 5 Matcher 3 Victoirë feiere konnt. Den éischte Saz goung mat 25:9 kloer un d'Balten.

Am zweete Saz hat et ausgesinn, wéi wann Estland en Duerchmarsch realiséiere kéint. Déi éischt 4 Punkte ware fir d'Esten, duerno konnte Gilles Bras & Co déi éischt Punkte sammelen. Den Ecart louch konstant bei 6 bis 8 Punkten, soudass Estland och den zweete Saz souverän mat 25:16 fir sech entscheet huet.

Am drëtte Saz konnt Lëtzebuerg den Ufank méi ausgeglach halen, mee ab dem 8:3 war kloer, dass Estland och den drëtten an decisive Saz fir sech entscheede sollt. Um Enn stoung et 25:11 zu Gonschte vun den Osteuropäer.

D'Rout Léiwe schléissen d'Participatioun an der Golden League mat 1 Victoire a 5 Néierlagen op der 11. vun 12 Plazen of. Aserbaidjan, mat 6 Néierlagen, gouf Leschten.