Bei dësem Turnéier gouf beschtméiglechst probéiert, Basketball a Kultur ze kombinéieren. Och u spektakulären Aktiounen huet et net gefeelt.

An enger entspaanter Atmosphär huet sech e Samschdeg an der Zolwer Sportshal alles ëm de Basketball gedréint, dat a Kombinatioun mat kulturellen Aktiounen.

D'Grupp "follow through" huet sech als Zil gesat, d'Mënschen an enger Kombinatioun vu Sport a Kultur zesummenzebréngen. Dëst gouf e Samschdeg eng éischt Kéier versicht, ëmzesetzen.

Aacht Ekippen, déi aus Profien a Semiprofien zesummegesat waren an aus déi aus de verschiddensten Ecker vum Planéit ugereest waren, hunn de Spectateuren exzellente Basketball gewisen. Nieft der Aktioun um Terrain goufen d'Spectateuren och ëmmer mat Musekprestatiounen an anere kulturellen Aktioune um Dill gehalen.

Den Highlight war wuel um Schluss den Dunk Contest, wou et spektakulär Aktiounen ze bestaune gouf. Mee och aner Kompetitiounen hunn d'Participanten op Trapp gehalen.