En Dënschdeg den Owend hunn d'Rout Léiwinnen hiren zweete Match an der EM-Qualifikatioun gespillt.

An der Liga C, am Grupp C5, konnten d'Lëtzebuerger Dammen hiren éischte Match heiheem mat 2:1 géint Albanien gewannen. En Dënschdeg huet een elo beim nämmlechte Géigner auswäerts mussen untrieden.

D'Dammen aus Albanien haten e liicht bessere Start an de Match erwëscht. Obwuel ee gréisstendeels eng ausgeglache Partie ze gesi krut, huet d'Lokalekipp virun allem am Offensivspill méi determinéiert gewierkt. An der 29. Minutt konnt Albanien dunn och duerch en Eelefmeter vum Doci a Féierung goen. An der Suite huet Albanien ëmmer méi d'Kontroll vum Match iwwerholl an an der 2. Minutt vun der Nospillzäit vun der 1. Hallschent huet d'Krasniqi op 2:0 gestallt.

An och déi zweet Hallschent huet schlecht ugefaangen. No engem Feeler an der Defensiv konnt d'Berisha an der 46. Minutt op 3:0 erhéijen. An der 91. Minutt konnt d'Emma Kremer fir Lëtzebuerg nach den Éieregol markéieren, esou datt d'Rout Léiwinnen de Match mat 1:3 verluer hunn.