Gilsdref bleift no 3:1-Victoire an der 1. Divisioun

© Steve Beckers / RTL
Am Match géint Gilsdref ass et fir Lëntgen deemno trotz enger staarker Saison um Enn net duergaangen. Si bleiwen an der 2. Divisioun.
Gilsdref - Lëntgen 3:1
0:1 Lopes De Jesus (25'), 1:1 Vaz Da Cruz (49'), 2:1 Oliveira Caçao (75'), 3:1 Vaz Da Cruz (90'+3)
Bei excellente Konditioune hate sech en Dënschdeg den Owend 1.890 Supporter zu Biissen afonnt, fir d'Partie tëscht Gilsdref a Lëntgen ze verfollegen.
No enger ausgeglachener Ufanksphas sinn déi Gilsdrëffer duerno liicht besser an d'Partie komm, déi éischt richteg geféierlech Aktioun gouf et allerdéngs an der 25. Spillminutt fir Lëntgen an déi souz direkt. D'Minerva huet de Ball no vir an de Strofraum vun deene Gilsdrëffer bruecht an do war et de Kapitän Lopes De Jesus, deen de Ball aus der Loft geholl an d'Lieder, dat nach ofgefälscht gouf, an de rietsen Eck gesat huet. De Rodrigues Martins konnt den Aschlag net méi verhënneren a sou war Gilsdref duerno gefuerdert.
Nieft engem Fräistouss vum Martins Lages aus gutt 25 Meter, dee knapp iwwer de Gol goung, hate si déi beschte Geleeënheet virum Téi an der 40. Spillminutt, ma hei krut den Oliveira de Ball aus kuerzer Distanz no enger Virlag vum Martins Lages net iwwer d'Linn gedréckt.
Nom Säitewiessel koum Gilsdref dunn awer mat vill Tempo aus der Kabinn. An der 49. Minutt war et den Tavares Fernandes, deen de Ball net aus der Lëntgener Defense gekläert krut a sou koum de Ball iwwert de Moreira Teixeira um Enn bei de Vaz Da Cruz, deen am Strofraum ze fräi stoung an de Ball laanscht de Santos Abreu an de Filet setze konnt.
Direkt duerno wollt d'Minerva eng Reaktioun weisen, dem Lopes De Jesus säi Fräistouss no 51 gespillte Minutte war awer net vun Erfolleg gekréint.
Et goung hin an hir, béid Formatioune wollten d'Victoire hei realiséieren a sou war et duerno an der 68. Minutt erëm u Gilsdref. Dem Moreira säi Corner ass beim Oliveira Caçao gelant, ma deem säi Schoss aus knapp 2 Meter konnt de Santos Abreu nach in extremis paréieren.
An der 75. Spillminutt konnt Gilsdref dunn a Féierung goen. Dem Martins Lages säi Corner krut den Oliveira Caçao op de Kapp an dëse konnt de Ball an de Gol drécken.
Bis zum Enn huet sech Lëntgen net opginn, ma de Schlusspunkt war fir de Vaz Da Cruz, deen de Ball aus grousser Distanz an de flaache lénken Eck gesat hat, a senge Gilsdrëffer soumat d'Entscheedung bruecht hat.
Gilsdref ka soumat de Maintien an der 1. Divisioun feieren, fir Lëntgen ass et no der batterer Defaite um Enn net duergaangen a sou bleiwe si weider an der 2. Divisioun.