De Victor Bettendorf geet net op d'Olympesch Spiller

© AFP
De Victor Bettendorf wier den éischte Sprangreider gewiescht, dee bei Olympesche Spiller mat dobäi gewiescht wier. Op Paräis geet hien awer elo net.
Dat well hie kee Päerd huet. Nodeems hien d'Qualifikatioun nämlech um Päerd "Mr.Tac" gepackt huet, huet dësem seng Besëtzerin decidéiert, d'Päerd engem anere Reider zur Verfügung ze stellen.
De Victor Bettendorf huet vun deem Moment u musse kucken, fir een anert Päerd ze fannen, dat den Niveau huet, fir zu Paräis kënnen unzetrieden. Dat ass him awer net gelongen, sou dass hien elo fräiwëlleg op eng Participatioun zu Paräis verzicht.
Eent vun de Päerd, dat hien an deem Kontext geridden huet, ass den "Elektro". Wéi de Victor Bettendorf géigeniwwer RTL erkläert huet, wier den "Elektro" e ganzt gutt Päerd. Wann hien et en halleft Joer éischter kritt hätt, wier et eventuell méiglech gewiescht, mat him op Paräis ze goen. Ma elo wier et ze knapp.Et wier awer mat de Besëtzer ofgemaach, dass hien d'Päerd weider reide kéint.
Den techneschen Direkter vum COSL, de Raymond Conzemius huet iwwerdeems Versteesdemech fir dem Victor Bettendorf seng Decisioun, net bei den Olympesche Spiller unzetrieden.
De Victor Bettendorf war iwweregens net deen éischte Lëtzebuerger Sprangreider, dee sech fir d'Olympesch Spiller qualifizéiert huet. 1968 hat de Frank Weiwers dat och realiséiert. Allerdéngs war deemools de Comité Olympique net bereet, fir d'Reeskäschte vum Päerd z'iwwerhuelen, esou datt de Frank Weiwers op eng Participatioun bei den Olympesche Spiller a Mexiko verzicht huet.