Mat Spuenien, Italien a Kroatien sinn dräi Top-Natioune vertrueden. Donieft ass och nach Albanien am Grupp B.

De Grupp B ass bestëmmt dee Grupp, wou garantéiert d'Spannung grouss geschriwwe gëtt. Mat Spuenien, Italien a Kroatien sinn 3 Top-10-Ekippen am Grupp. Albanien ass kloer manner kotéiert, wéi déi aner 3 ganz prominent Ekippen.

Futtball-EM Grupp B / Virschau Serge Olmo

Spuenien ass op der Nummer 8 am FIFA-Ranking, Italien ass op der 9 a Kroatien ass op der 10. Vill méi serréiert kann e Grupp an der Theorie kaum sinn.

An der leschter Nations League virun engem Joer ware Spuenien, Kroatien an Italien op de Plazen 1,2 an 3. Italien ass och de Gewënner vun der leschter EM.

Albanien ass de Moment op Plaz 66 am FIFA-Ranking. D'Albaner kënne sech nëmme schwéier qualifizéieren, mä géint d'Albaner kënnen d'Favoritten awer vläicht decisiv Punkte leie loossen.

De Spillprogramm vum Grupp B

15. Juni: 18 Auer Spuenien - Kroatien
15. Juni: 21 Auer Italien - Albanien
19. Juni: 15 Auer Kroatien - Albanien
20. Juni: 21 Auer Spuenien - Italien
24. Juni: 21 Auer Kroatien - Italien
24. Juni: 21 Auer Albanien - Spuenien