D'Equipe Tricolore ass net nëmme Favorit am Grupp D, mee och ee vun de Favoritten op den Titel.

Den Out an der Aachtelsfinall bei der leschter EM läit dem Kylian Mbappé nach ferm um Mo an dofir wëll de Kapitän vun der franséischer Nationalekipp dësen Titel onbedéngt. Donieft sinn d'Fransousen am Joer 2000 fir d'lescht Europameeschter ginn.

Futtball-EM Grupp D / Virschau Gilles Tricca

Ier iwwerhaapt emol vun Titel ka geschwat ginn, mussen d'Fransousen d'Gruppephas iwwerstoen. Um Pabeier ass Holland dee stäerkste Géigner. Spiller wéi Virgil Van Dijk, Memphis Depay oder och nach de Xavi Simons spille fir d'Oranje. Pech fir d'Hollänner, datt de Franki de Jong blesséiert muss Forfait erklären.

Mat Blessure sinn och d'Pole geplot. Karol Swiderski an Arkadiusz Milik sinn ënner anerem out an hannert hirem Star Robert Lewandowski steet nach e Fragezeichen.

D'Iwwerraschungsekipp kéint awer Éisträich sinn. Zanter datt de Ralf Ragnick dat sportlecht Soen huet, huet d'Ekipp sech enorm weiderentwéckelt an aus de leschte 16 Matcher ass just ee verluer gaangen. E Star gëtt et net, d'Ekipp ass hei de Star, wou Sabitzer oder Laimer déi bekannten Nimm sinn.

D'Wourecht läit awer nach ëmmer um Terrain an do ass den Optakt am Grupp D e Sonndeg um 15 Auer mat der Partie Polen géint Holland an e Méindeg um 21 Auer spillt Frankräich géint Éisträich.

De Spillplang vum Grupp D

16. Juni: 15 Auer Polen - Holland
17. Juni: 21 Auer Éisträich - Frankräich
21. Juni: 18 Auer Polen - Éisträich
21. Juni: 21 Auer Holland - Frankräich
25. Juni: 18.00 h Holland - Éisträich
25. Juni: 18.00 h Frankräich - Polen