D'Belsch ass de Favorit am Grupp E

Am Grupp E spillen d'Belsch, Rumänien, d'Ukrain an d'Slowakei.
D’Belsch dierften op der éischter Plaz aus dem Grupp an d'K.o.-Phas kommen. Bei den Diables Rouges feelt jo de Golkipp Thibaut Courtois, dee quasi déi ganz Saison wéinst engem Kräizbandrass bei sengem Veräi Real Madrid ausgefall war.
Wien et vun deenen dräi aneren Natiounen op déi zweet Plaz packt, fir nach weiderhin am Tournoi dobäi ze sinn, ass méi schwiereg ze soen. Vun der individueller Qualitéit hier dierft d'Ukrain ee liichte Virdeel par rapport zu der Slowakei a Rumänien hunn. Lëtzebuerg war an der Qualifikatioun am Grupp mat de Slowaken an huet sech hannert Portugal an der Slowakei mat der drëtter Plaz mussen offannen.
De Spillplang vum Grupp E
17. Juni: 15 Auer Rumänien - Ukrain
17. Juni: 18 Auer Belsch - Slowakei
21. Juni: 15 Auer Slowakei - Ukrain
22. Juni: 21 Auer Belsch - Rumänien
26. Juni: 18 Auer Ukrain - Belsch
26. Juni: 18 Auer Slowakei - Rumänien