Nuri Sahin gëtt neie BVB-Trainer

© www.imago-images.de/SID/IMAGO/Dennis Ewert/RHR-FOTO via AFP
Am Virfeld war scho spekuléiert ginn, elo ass et offiziell: De 35 Joer alen Nuri Sahin gëtt neie Cheftrainer vu Borussia Dortmund.
En Donneschdeg war et réischt d'Nouvelle, datt den Edin Terzic net méi Trainer vum Bundesligist ass, elo wäert säi Co-Trainer a fréiere Profi vum BVB de Posten iwwerhuelen. Hie kritt e Kontrakt bis den 30. Juni 2027.
Trainererfarung huet de Sahin bis ewell an der tierkescher Süper Lig gesammelt, wou hie vun 2021 bis 2023 Cheftrainer vun Antalyaspor war. Zanter dësem Joer war hien dem Edin Terzic säin Assistent. A senger aktiver Karriär als Futtballprofi huet hien insgesamt 274 Matcher fir de BVB absolvéiert.
E Freidegmëtteg war et dann och d'Nouvelle, datt de Mats Hummels, deen insgesamt 13 Joer laang fir d'Borussia gespillt huet, keen neie Kontrakt kritt. An den däitsche Medie ware Rumeuren zirkuléiert, datt et tëschent dem Edin Terzic an dem Hummels zu engem Sträit soll komm sinn.