Knapp Victoire fir England géint Serbien, Holland klappt Polen spéit
Am drëtte Match vum Dag hu sech iwwerdeems Slowenien an Dänemark mat engem 1:1-Remis d'Punkte gedeelt.
Um drëtten Dag vun der Futtball-Europameeschterschaft an Däitschland goufen dräi Matcher gespillt. Den Ufank huet d'Partie Polen géint Holland gemaach. Um 18 Auer stounge sech Slowenien an Dänemark géintiwwer an um 21 Auer war Serbien géint England gefuerdert.
Grupp D: Polen - Holland 1:2
1:0 Buksa (16'), 1:1 Gakpo (29'), 1:2 Weghorst (83')
D'Spectateuren am Stadion zu Hamburg hunn eng animéiert Partie tëscht Polen an Holland gesinn. Holland war iwwer wäit Strecken am Match déi besser Ekipp, ma trotz de ville Chancen huet et bis déi 83. Minutt gedauert, bis de Weghorst den decisiven 2:1 markéiert huet.
D'Pole waren an der 16. Minutt iwwerraschend mat 1:0 a Féierung gaangen. No engem Corner vum Zielinski war de Buksa am Strofraum am héchste gesprongen an hat direkt déi éischt Chance vun de Pole genotzt.
D'Elftal, déi sech vun Ufank u ganz aktiv am Spill no vir gewisen huet, huet sech vum Gol wéineg beandrockt gewisen an huet direkt probéiert, fir den Ausgläich ze markéieren. An der 29. Minutt ass dësen dann och gefall. De Salamon hat e secke Schoss vum Gakpo ofgefälscht, sou datt de polnesche Golkipp Szczesny ouni Chance war. D'Hollänner hate bis d'Paus nach e puer Chancen, ma konnte kee weidere Gol markéieren.
No der Paus hu sech d'Hollänner direkt nees am polnesche Strofraum festgesat, ma si hu géint eng defensiv a gutt organiséiert polnesch Ekipp net dat richtegt Lach fonnt. No enger Phas an där och d'Polen e puer Mol geféierlech waren, huet de Weghorst an der 83. Minutt d'Hollänner erléist. Direkt mam éischte Kontakt no senger Awiesslung huet hien den 2:1 markéiert an domadder den Hollänner d'Optaktvictoire geséchert. Um Enn ass et eng verdéngt Victoire.
Grupp C: Slowenien - Dänemark 1:1
0:1 Eriksen (17'), 1:1 Janza (77')
Tëscht Slowenien an Dänemark gouf et deen éischte Remis bei dëser WM. Béid Ekippen hu sech mat engem 1:1 getrennt.
Dänemark huet de Match géint Slowenien dominant ugefaangen, ma war virum Gol awer net konsequent genuch. Déi éischt grouss Chance vum Match ass op de Kont vun de Slowene gaangen. De Sesko konnt de Ball awer net am Filet ënnerbréngen a gouf direkt dofir bestrooft. An der 17. Minutt huet den Eriksen d'Dänen dräi Joer no sengem Häerzstëllstand verdéngt a Féierung bruecht. D'Slowenen hunn duerno den Ausgläich gesicht, ma ze vill Ongenauegkeeten an Abseitspositiounen hunn dëst verhënnert.
Déi zweet Hallschent huet Slowenien sech gesteigert a konnt an der 77. Minutt ausgläichen. No engem Corner stoung de Janza am dänesche Strofraum goldrichteg an huet fir den 1:1 gesuergt. De Kristiansen wollt de Schoss nach blocken, ma huet en esou ofgefälscht, datt de Golkipp Schmeichel keng Chance méi hat, de Gol ze verhënneren. Sekonne virum Ausgläich hat de Sesko schonn den 1:1 um Fouss, ma hei war de Potto am Wee.
Och op dänescher Säit gouf et an den zweete 45 Minutten e puer gutt Chancen, ma um Enn ass kenger Formatioun de Lucky Punch gegléckt, sou datt ee sech mat engem 1:1 getrennt huet.
Grupp C: Serbien - England 0:1
0:1 Bellingham (13')
An der Arena AufSchalke zu Gelsenkirchen huet England vun Ufank un d'Rudder an de Grapp geholl an de Ball kontrolléiert duerch déi eege Reie lafe gelooss. Fréi hunn och d'Serbe gemierkt datt en éischte Gol an der Luucht leie géif. No 13 Minutten huet tatsächlech dann de Ball de Wee an de Gol fonnt. No enger liicht deviéierter Flank vum Bukayo Saka war et an der Mëtt den Jude Bellingham, dee mat engem Kappball op 1:0 fir d'Three Lions gestallt huet. Zwar hat och den Aleksandar Mitrovic an der 20. Minutt eng gutt Golchance fir den Ausgläich, d'Kontroll iwwert de Match haten awer weiderhin d'Englänner. Bis an d'Paus ass et och bei där verdéngter Féierung bliwwen.
Nom Säitewiessel war England dann e Stéck ze passiv an huet déi serbesch Ekipp domat rëm besser an de Match fanne gelooss. E Match mat all ze villen Héichpunkte war et am weidere Spillverlaf net, dat well offensiv Iddie vun der Ekipp vum Gareth Southgate net richteg entstane sinn. Déi knapp Féierung huet awer dofir gesuergt, datt op mannst d'Spannung sech bis an d'Schlussphas era gehalen huet. Um Enn séchert England sech mat enger knapper awer verdéngter 1:0-Victoire déi éischt dräi Punkten am Grupp C.