Am 5. Match vun der Finalserie géint d'Dallas Mavericks huet Boston sech an der Nuecht op en Dënschdeg 106 op 88 behaapt a gewënnt d'Serie mat 4:1.

D'Dallas Mavericks haten op en historesche Moment gehofft, ma no der 38-Punkten-Defaite leschte Freideg huet de Favorit de Mavericks direkt schonn am Ufank vum Match all d'Chancen op e Comeback geholl an d'Boston Celtics konnten hir 4. Victoire feieren. Mat 106:88 huet Boston, ugefouert vum Superstar Jayson Tatum, d'Finalserie mat 4:1 fir sech decidéiert. D'Celtics sinn deemno Rekordchampion virun de Los Angeles Lakers (17), ma et ass hiren éischte Championstitel zanter 2008 an deen 18. an der Veräinsgeschicht.

Den Jayson Tatum war mat 31 Punkten dee beschte Werfer, den Jaylen Brown huet 21 Punkte fir seng Ekipp gemaach. De Brown ass dann och zum MVP vun de Finals gewielt ginn.

Fir Dallas waren 28 Punkte vun hirem sloweneschen Ausnamespiller Luka Doncic ze wéineg. Bis zur Paus stoung et  67:46. Och no der Paus konnten d'Celtics hire Virsprong halen an d'Mavericks sinn hinne bis zum Schluss net wierklech geféierlech ginn.

RTL

© AFP

Dallas hat nom 122:84-Succès d'lescht Woch den drëtthéchste Score an der Geschicht vun den NBA-Finals a gehofft, dach nach den 2. Meeschtertitel no 2011 mam Nowitzki ze gewannen.