Last-Minute-Ausgläich fir Däitschland géint d'Schwäiz
Domat steet Däitschland als Tabellenéischten an d'Schwäiz als Zweeten an der K.o.-Phas. Ungarn klappt Schottland no engem Gol an der leschter Minutt.
Fir den Optakt vum 3. Spilldag bei der Futtball-EM huet sech um Sonndeg den Owend an engem intensivem Match Däitschland an d'Schwäiz 1:1 getrennt. Domat stinn Däitschland als Gruppenéischten an d'Schwäiz als Gruppenzweeten an der 1/8-Finall. Am zweete Match ass bis an d'Nospillzäit net vill geschitt. An der 10. Minutt vun der Nospillzäit huet de Csoboth dunn den 1:0 fir Ungarn konnte markéieren. Domat steet Ungarn mat 3 Punkten op der 3. Plaz.
Ob den drëtte Ungarn et an déi nächste Ronn packt, weist sech an deenen nächsten Deeg, jee no Ausgang vun deenen anere Gruppen. Fir Schottland ass d'EM eriwwer.
Grupp A: Schwäiz - Däitschland 1:1
1:0 Ndoye (28'), 1:1 Füllkrug (90+2')
Däitschland ass gutt an de Match komm an hat no engem Eckball direkt eng gutt Chance duerch den Havertz. An der 17. Minutt huet dem Andrich säin Distanzschoss de Wee an de Gol fonnt - de VAR huet de Gol awer oferkannt, dat well de Musiala am Virfeld den Aebischer bei engem Tackling gefoult huet. D'Schwäiz war déi ganz 1. Hallschent iwwer immens bësseg, an huet den Däitschen d'Liewe schwéier gemaach. Quasi aus dem näischt ass dunn an der 28. Minutt den 1:0 fir d'Schwäiz gefall. No engem schéin erausgespillte Spillzuch huet den Ndoye fir d'Eidgenossen markéiert. Kuerz dorop eng weider gutt Chance fir den Ndoye, säi Schoss sollt des Kéier awer laanscht de Gol goen. D'Schwäiz war no der Féierung déi aktiver Ekipp an ass mat enger 1:0 Féierung an d'Paus gaangen.
Däitschland ass engagéiert aus de Kabinne komm an hat direkt 2 gutt Chancen duerch Musiala a Kroos. Alles an allem huet et d'Schwäiz awer weider excellent verdeedegt an huet alles dogéint gesat wat am Repertoire ze fanne war. Den Drock vu Wirtz a Co. ass ëmmer mei grouss ginn - et krut een de Ball trotz gudde Chancen awer weider net hannert de wäisse Stréch. An der 84. Minutt huet et no der Virentscheedung ausgesinn, de Vargas stoung awer am Abseits.
Däitschland ass weider onermiddlech ugerannt a konnt sech an der Nospillzäit dunn awer nach duerch den agewiesselte Füllkrug mam 1:1 belounen. Domat steet Däitschland als 1. an der Tabell an der 1/8-Finall, d'Schwäiz qualifizéiert sech als zweete fir KO-Phas.
Grupp A: Schottland - Ungarn 0:1
0:1 Csoboth (90+10')
Schottland hat an der Ufanksphase däitlech mei Spillundeeler iwwerdeems Ungarn op Konter gelauert huet. Alles an allem hu sech déi éischt 45 Minutte quasi just am Mëttelfeld ofgespillt, och wann Ungarn wat de Match mei laang gedauert huet an der Offensiv lues a sécher mei geféierlech ginn ass. An esou war et dann och den Orban deen an der 41. Minutt déi beschte Chance an der 1. Hallschent hat. Säin Kappball sollt awer just un d'Lat goen. De Schotten hunn an der Offensiv déi spilleresch Mëttel gefeet fir sech geféierlech Chancen eraus ze spillen. Deemno ass eng chancenarm awer intensiv Partie mat engem 0:0 an d'Paus gaangen.
Ungarn ass virun allem duerch hire Kapitän Szoboszlai ëmmer nees geféierlech ginn. Eng 100 % Chance hu sech d'Ungar awer net konnten eraus spillen. Déi zweet Hallschent war quasi e Spigelbild aus der 1. Hallschent, et huet sech villes am Mëttelfeld ofgespillt. An der 68. Minutt ass et am Strofraum zu engem schlëmmen Zesummestouss komm tëscht dem ungareschem Adam an de Schotte Gunn a Ralston, wouropshin de Adam vun de Sanitäter vum Feld gedroe ginn ass. An der Nospillzäit hat Schottland 2 gutt Chancen, si sinn awer jeeweils um Gulacsi hänke bliwwen. An der 10. Minutt vun der Nospillzäit huet dunn de Csoboth fir Ungarn deen net fir méiglechen 1:0 konnte markéieren, sou dass Ungarn Schottland an der Tabell nach iwwerholl huet, an elo mat 3 Punkten op der 3. Plaz steet. Fir Schottland ass d'EM eriwwer.