Bei der EM an Däitschland sinn e Mëttwoch an de Gruppen E an F déi lescht Matcher vun der Gruppephas gespillt ginn.

D'Belsch ass no engem 0:0 géint d'Ukrain als Gruppenzweete weider, d'Ukrain ass iwwerdeems eliminéiert. D'Slowakei a Rumänien trennen sech 1:1, woumat béid Ekippen an der Aachtelsfinall stinn. Um 21 Auer huet Georgien am Grupp F iwwerraschend mat 2:0 géint Portugal gewonnen a sech domat eng Plaz an der Aachtelsfinall geséchert. Tschechien huet géint d'Tierkei mat 1:2 verluer, woumat d'Tierke weider sinn an Tschechien d'Heemrees untriede muss.

Resumé Futtball-EM/Reportage Sam Rickal

Grupp E: Ukrain - Belsch 0:0

D’Belsch huet zu Stuttgart vun Ufank un d’Kontroll vum Match iwwerholl an ass a Persoun vum Lukaku no 7 Minutten eng éischte Kéier geféierlech ginn. Mat der Zäit hunn d’Ukrainer du besser an de Match fonnt, dat awer ouni zu wierklech klore Chancen ze kommen. Béid Ekippe wollten de Ball, wossten allerdéngs géint gutt organiséiert Defensen net allze vill domat unzefänken.

D’Belsch ass mat vill Schwong aus de Kabinne komm an huet d’Ukrainer kaum méi aus der eegener Hallschent komme gelooss. Ma trotz gudden Iddie vun De Bruyne an Doku huet et am leschten Drëttel weiderhin u Konsequenz a virun allem u Prezisioun gefeelt, soudass den Trubin am ukrainesche Gol net viru schwéier Aufgabe gestallt ginn ass. Den Ukrainer ass wärenddeem d’Zäit dovu gelaf wouduerch si offensiv och méi aktiv gi sinn, den Dovbyk ass awer um Faes an um Aussenetz hänke bliwwen. Zum Schluss ass et hin an hir gaangen, et sollt awer kee Gol méi falen. Domat ass d'Ukrain déi éischt Ekipp an der EM-Geschicht, déi mat 4 Punkten eliminéiert ass. D'Belsch ass dogéint weider an trëfft e Méinden op Frankräich.

Grupp E: Slowakei - Rumänien 1:1

1:0 Duda (24'), 1:1 Marin (37', Eelefmeter)

Scho virum Match stoung fest, dass béiden Natiounen ee Remis fir den Anzuch an d'Aachtelsfinallen duergoe géif. Dovu war an der Ufanksphas allerdéngs näischt ze gesinn a virun allem d’Slowaken haten e puer gutt Geleeënheeten op den éischte Gol. Dee sollt dunn no 24 Minutten falen, wéi den Duda no enger Flank vum Kucka fräi zum Kappball komm ass. E puer Minutten drop gouf et op der anerer Säit no VAR-Interventioun en Eelefmeter fir Rumänien, deen de Marin ganz souverän zum 1:1 verwandelt huet. Nom Gol huet d’Partie sech gedréint an d’Rumäne ware besser, et sollt awer mat engem 1:1 an d’Paus goen.  
 
Am zweeten Duerchgang ass d’Slowakei nees déi ballbestëmmend Ekipp ginn an hat duerch de Strelec an den Haraslin zwou gutt Occasiounen op d’Féierung. Och d’Rumäner, déi mat deem Resultat Gruppenéischt wieren, hunn offensiv awer weider Akzenter gesat an hu virun allem den Hagi an de Marin gesicht. Fir déi eege Qualifikatioun net ze gefäerden hu béid Formatiounen awer an de leschte Minutten net méi vill Risiko geholl. Sou geet d'Partie mat engem 1:1 op en Enn, woumat Rumänien d'Grupp gewënnt an d'Slowakei als Drëtten och eng Ronn weider ass.

Grupp F: Georgien - Portugal 2:0

1:0 Kvaratskhelia (2'), 2:0 Mikautadze (57', Eelefmeter)

Schonn no knapp zwou Minutten huet Georgien vun enger Feelpass an der portugisescher Defense profitéiert. De Mikautadze huet séier ëmgeschalt an de Kvaratskhelia schéin an Zeen gesat, deen den 1:0 schéisse konnt. Dono huet d’Partie sech entwéckelt wéi et ze erwaarde war a Portugal huet d’Georgier ëmmer méi déif an déi eegen Hallschent eragedréckt, richteg Chancë sinn awer nach net zustane komm. Mat der Zäit sinn déi portugisesch Efforte vu Palhinha, Ronaldo a Conceicao dunn ëmmer méi geféierlech ginn, Georgien huet dem Drock awer bis zur Halbzeit Stand gehalen. 
 
Och no der Paus huet Portugal sech un der georgescher Defense d’Zänn ausgebass, an op der anerer Säit huet den Arbitter no Agrëff vum VAR op Eelefmeter decidéiert. De Mikautadze huet op en Neits d’Nerve vum Punkt behalen a konnt mat sengem drëtte Gol vum Tournoi op 2:0 erhéijen. D'Portugisen hunn no deem Réckschlag net méi richteg an de Match fonnt a si kaum méi zu klore Geleeënheete komm. Um Enn geléngt de Georgier domat d'Sensatioun an den éischte Succès jeemools bei enger EM, woumat si sech als Gruppendrëtt fir déi nächst Ronn qualifizéieren.

Grupp F: Tschechien - Tierkei 1:2

0:1 Calhanoglu (51'), 1:1 Soucek (66'), 1:2 Tosun (90+4')

No enger fréier Chance fir den Tschech Provod konnt d’Tierkei d’Spillkontroll iwwerhuelen. D’Partie huet sech gréisstendeels am Mëttelfeld ofgespillt, ma no 20 Minutten krut de Barak scho seng zweet giel Kaart gewisen. D’Tierke waren domat fir 70 Minutten an Iwwerzuel an hunn dunn och ëmmer méi de Wee a Richtung tschechesche Gol fonnt. Duerch vill Ënnerbriechungen ass awer kee wierkleche Spillfloss méi entstanen, soudass et no enger weiderer ongenotzter Occasioun fir Tschechien mam 0:0 an d’Paus gaangen ass.  
 
D’Tierkei ass staark aus de Kabinne komm an huet duerch den Calhanoglu direkt op 1:0 gesat, dëst nodeems de Ball no Chaos am tschechesche Strofraum um Fouss vum tierkesche Kapitän gelant war. An der 66. Minutt huet den tierkesche Golkipp Günok dunn no engem wäiten Aworf am Duell géint de Chory net gutt ausgesinn. De Soucek huet nogesat a konnt quasi aus dem Näischt egaliséieren, woumat d'Tschechen nees op d’Aachtelsfinall hoffe konnten. Deemno hu si an der Schlussphas alles no vir geworf, ma en tierkesche Konter an der Nospillzäit huet fir déi endgülteg Eliminatioun gesuergt. D'Tierkei gëtt domadder Zweeten a spillt géint Éisträich.