Schwäiz eliminéiert Italien, Däitschland schéckt Dänemark heem
D'Schwäiz klappt den Titelverdeedeger Italien verdéngt 2:0. Am zweete Match huet sech Däitschland mam selwechte Resultat géint Dänemark duerchgesat.
D'Schwäiz steet an der Véierelsfinall a kritt et do entweeder mat England oder der Slowakei ze dinn. De Géigner vun Däitschland gëtt e Sonndeg tëscht Spuenien a Georgien ermëttelt.
Schwäiz - Italien 2:0 (1:0)
1:0 Freuler (37'), 2:0 Vargas (46')
D'Schwäiz steet verdéngt an der Véierelsfinall vun der Europameeschterschaft 2024. Géint harmlos Italieener haten d'Eidgenosse vun Ufank u méi vum Match. Zu klore Golchancë sollt et awer bis zur 24. Minutt net kommen. Hei konnt den Donnarumma de Réckstand fir d'Squadra Azzurra verhënneren, wéi hien de Schoss vum Embolo aus 13 Meter paréiere konnt. An der 37. Minutt huet d'Schwäiz sech fir hiren Engagement belount a konnt duerch de Freuler a Féierung goen. Kuerz virum Pausepëff hätt d'Schwäiz nach op 2:0 erhéije kënnen, mee de Fräistouss vum Rieder ass um Potto hänke bliwwen.
Direkt nom Säitewiessel huet d'Ekipp vum Trainer Murat Yakin eng schlecht Ausféierung vun engem italieenesche Fräistouss genotzt an no enger Konterattack zougeschloen. Et war de Vargas, deen aus 15 Meter erasetze konnt. Nom zweete Gol wär Italien bal den Uschloss gelongen, mee de Ball goung un de Potto. Et war déi éischt wierklech Chance fir d'Italieener. Dës Chance schéngt fir d'Squadra Azzurra d'Initialzündung gewiescht ze sinn, mee bis op eng kloer Golchance, déi nees um Potto gelant ass, war fir déi Blo net dran. Domat ass den Titelverdeedeger an der Aachtelsfinall ausgescheet, wat dat fréist Ausscheede fir Italien bei enger internationaler Kompetitioun zënter der WM 2010 bedeit.
Däitschland - Dänemark 2:0 (0:0)
1:0 Havertz (53', Eelefmeter), 2:0 Musiala (68')
De Match am Dortmunder Westfalenstadion hat direkt mat engem Gol vum Schlotterbeck an der 4. Minutt ugefaangen, mee de Gol gouf wéinst Foulspill am Virfeld oferkannt. Och an de Minutten duerno ass Däitschland ugerannt an hat no 7 an no 10 Minutten déi nächst héichkaräteg Chancen, mee de Schmeichel konnt jeeweils ofwieren. Ab der 20. Minutt huet Dänemark ëmmer méi d'Kontroll vum Match iwwerholl a koum och zu gudde Chancen. An der 35. Minutt gouf de Match no engem Blëtzschlag iwwer dem Stadion a Ree mat Knëppelsteng ënnerbrach.

No enger 20 Minutte laanger Ënnerbriechung konnt de Match weidergoen an Däitschland hat direkt nees eng geféierlech Aktioun virum dänesche Gol.
Den éischte Gol sollt awer eréischt no engem Handeelefmeter an der 53. Minutt falen. Am Virfeld hat Dänemark e Gol geschoss, deen awer vum VAR oferkannt gi war. Grad an der Phas, wou Dänemark méi geféierlech virun den däitsche Gol koum, huet de Musiala mat enger flotter Eenzelaktioun op 2:0 erhéicht. Dänemark huet wuel nach eng Kéier versicht, den Uschloss hierzestellen, blouf awer bis zum Schluss ouni nennenswäert Chance. Domat fiert Dänemark heem an Däitschland waart op säi Géigner fir nächste Freideg zu Stuttgart.