"Kulinaresch toben ech mech gär aus"

An eiser Serie iwwer d'Lëtzebuerger Sportler, déi bei den Olympesche Spiller dobäi sinn, wëlle mir Iech de Mënsch hannert dem Sportler méi no bréngen.
- Sport: Dëschtennis
- Disziplin: Eenzel
- Gebuertsdatum: 26.12.1998
- 1. Participatioun bei Olympesche Spiller
- Am Asaz zu Paräis: Out an 1/32-Finallen
De Luka Mladenovic huet sech iwwer d'Weltranglëscht fir seng éischt Olympesch Spiller qualifizéiert. Domat huet de 25 Joer alen Dëschtennisspiller och Geschicht geschriwwen, well hien ass den éischte männlechen FLTT-Vertrieder, dee sech fir Olympia qualifizéiert huet.
Wéi hie rezent an engem Instagram-Post erkläert huet, hat hie säin Dram vum Dëschtennis-Profi awer schonns bal opginn, wär do net den Hermann Mühlbach gewiescht. Säin deemolegen Trainer huet dem Luka Mladenovic deemools eng alternativ Aart a Weis ze spille méi no bruecht an dat huet elo ronn néng Joer méi spéit definitiv seng Friichte gedroen.
De Luka Mladenovic méi privat

A säi Sport muss de Bundesliga-Spiller natierlech vill Zäit investéieren, a senger Fräizäit profitéiert hie gären dovunner, fir vill Zäit an der Natur ze verbréngen. Virun allem d'Regioun ronderëm de Mëllerdall an Iechternach huet dem Luka Mladenovic no immens vill ze bidden. Allgemeng géif et ganz schéi Plazen zu Lëtzebuerg ginn, wat een elo net onbedéngt weess, wann een net hei lieft.
Op seng Liblingsreesdestinatioun ugeschwat, huet de Sportzaldot betount, datt et och weltwäit vill schéi Plaze ginn an hie sech do net festleeë wëll. Seng lescht Vakanz wier op Mallorca gewiescht, dat allerdéngs net um Ballermann, ma an de Bierger. Et wier eng extrem schéin Insel mat vill Natur, esou wéi hien et gären huet.
Natur, Frënn an Iesse spillen dann och eng grouss Roll am Oflaf vu sengem "Perfekte fräien Dag". Allgemeng huet de Luka Mladenovic am Interview awer och puermol betount, wéi wichteg d'Ënnerstëtzung vu senge Frënn a senger Famill ass, genau wéi och déi vun der Arméi, der FLTT, dem COSL an dem LIHPS.

© FSV Mainz 05
"Kulinaresch toben ech mech gär aus", seet den Dëschtennis- Profi, wéi mer e gefrot hunn, wat hien am léifsten ësst a wat fir een "Cheat Meal", hie sech heiansdo gënnt.
Nieft senger eegener sportlecher Missioun zu Paräis freet sech de Luka Mladenovic awer och, zu Paräis all déi aner Sportler ze gesinn. Ënnert anerem hofft hien, säin Idol Novak Djokovic villäicht ze gesinn.
De Lëtzebuerger Olympionik wäert de 27. Juli eng éischte Kéier zu Paräis am Asaz sinn.

© Manfred Schillings