Mam Rekordchampion Boston Celtics aus der Basketball-Profiliga soll den Jayson Tatum virum bis ewell gréisste Kontrakt an der Geschicht stoen.

Mam neie Kontrakt wäert de 26 Joe ale Basketprofi Medieberichter no an den nächste 5 Joer 314 Milliounen Dollar kréien, dat sinn ëmgerechent ronn 292,6 Milliounen Euro.

Virun engem Joer hat schonn de Co-Star Jaylen Brown fir eng Rekordzomm vun 304 Milliounen Dollar fir 5 Joer beim selwechte Veräi verlängert. Mat der Titelvictoire gouf de Brown als beschte Spiller an de Finals ausgezeechent. An och de Guard Derrick White soll bei de Celtics fir weider 4 Joer ënnerschreiwen an dofir 125,9 Milliounen Dollar verdéngen.

Den Tatum spillt zanter 2017 bei de Celtics an huet bis ewell 5 Nominéierunge fir d'All-Star-Team opweises, 4 Mol gouf hien an en All-NBA-Team gewielt. Mam Team USA hat hien 2021 zu Tokio Olympescht Gold gewonnen a wäert bei de Summerspiller zu Paräis, vum 26. Juli bis den 11. August) en Deel am LeBron James senger Ekipp sinn.