De Lëtzebuerger Paralympesche Comité huet dës Nouvelle en Donneschdeg den Owend matgedeelt.

Rio de Janeiro 2016, Tokio 2021 an elo Paräis 2024 - De Parasportler Tom Habscheid huet sech fir déi drëtte Kéier noenee fir d'Paralympesch Summerspiller qualifizéiert.

U sech hat den Tom Habscheid 2021 e Schlussstréch ënnert seng Karriär als Bommstousser gezunn. Am Mee dëst Joer huet hien du säi Comeback gefeiert.

De Lëtzebuerger huet d'Bomm dëst Joer scho 14,36 Meter wäit gestouss. Am World Para Athletics High Performance Ranking läit hien domadder op der 6. Plaz an dat ass duergaangen, fir ee vun den Tickete fir Paräis ze kréien.

Ob sech nach weider Lëtzebuerger fir d'Paralympesch Spiller zu Paräis kënne qualifizéieren, decidéiert sech an den nächsten Deeg. Chancen hunn nach am Para-Vëlossport de Joel Adams, am Para-Triathlon de Joé Kurt an an der Para-Liichtathletik d'Katrin Kohl. Si mussen allerdéngs op eng Invitatioun oder eng Wildcard hoffen, sou de Lëtzebuerger Paralympesche Comité en Donneschdeg den Owend an engem Schreiwes.

D'Paralympesch Spiller si vum 28. August bis den 8. September.