"Ech fannen et cool, datt mir méi eng kleng Delegatioun sinn"

An eiser Serie iwwer d'Lëtzebuerger Sportler, déi bei den Olympesche Spiller dobäi sinn, wëlle mir Iech de Mënsch hannert dem Sportler méi no bréngen.
- Sport: Dëschtennis
- Disziplin: Eenzel
- Gebuertsdatum: 21.11.1992
- 2. Participatioun bei Olympesche Spiller
- Am Asaz zu Paräis: Out an den 1/32-Finallen
D'Sarah De Nutte huet sech eng zweete Kéier an hirer Karriär fir d'Olympesch Spiller qualifizéiert. No der Olympiad zu Tokio, déi wéinst der Corona-Pandemie méi speziell war, freet d'Sportzaldotin sech op hir Participatioun zu Paräis. D'Confirmatioun, datt si mat dobäi ass, koum relativ spéit, well si huet bis zum Schluss missen zidderen, ob si et iwwer d'Weltranglëscht packt.
D'Sarah De Nutte méi privat

Schonns fréi huet d'Dëschtennisspillerin mat hirem Sport ugefaangen, dat well ënnert anerem och hir Elteren Dëschtennis gespillt hunn. Mëttlerweil ass d'Sarah De Nutte Profisportlerin an ass fir hire Sport och extrem vill ënnerwee. Wa si dann emol Fräizäit huet, notzt si déi gären, fir Zäit mat Famill a Frënn ze verbréngen.
Datt si Elittesportlerin wéilt ginn, huet si relativ fréi gemierkt. Wéi si op 3ème war, huet si sech doriwwer schonns Gedanke gemaach an am Dëschtennis waren deen Ament mam Simone Haan an dem Gilles Michely schonns FLTT-Vertrieder, déi Sportzaldot waren, esou datt si deen nämmlechte Wee wollt goen.

© AFP
Fir d'Sarah De Nutte ass et de gréissten Challenge, zu honnert Prozent ëmmer de Fokus ze hunn, well si wiere keng "Maschinnen". Deemno misst een tëscht all dem Reesen, de Kompetitiounen an dem Training och ëmmer recuperéieren. Et muss ee sech also gutt andeele kënnen.
Dem Sarah De Nutte seng Liblingsreesdestinatioun ass Japan. Nieft den Olympesche Spiller zu Tokio oder och der WM 2014 hofft si och an Zukunft nees kënnen dohinner ze reesen. Passend dozou ass hiert Liblingsiesse Sushi.
D'Lëtzebuergerin ass houfreg, de Grand-Duché zu Paräis vertrieden ze dierfen. Virun allem fënnt si et "cool", datt Lëtzebuerg eng kleng Delegatioun ass, wou jidderee jidderee kennt an ënnerstëtzt.
D'Sarah De Nutte wollt zum Schluss dann och nach e spezielle Merci lassginn an dat un hiren Trainer, de Peter Teglas, ouni dee si sech net fir Paräis qualifizéiert hätt, wéi si am Interview erkläert huet.
Wie méi Detailer gewuer wëll ginn oder och wësse wëll, wéi der Dëschtennisspillerin hire "Perfekten Dag" ausgesäit, dee ka sech de ganzen Interview ukucken an ulauschteren.

© Manfred Schillings