An eiser Serie iwwer d'Lëtzebuerger Sportler, déi bei den Olympesche Spiller dobäi sinn, wëlle mir Iech de Mënsch hannert dem Sportler méi no bréngen.

  • Sport: Vëlo
  • Disziplin: Course en ligne
  • Gebuertsdatum: 12.06.1992
  • 1. Participatioun bei den Olympesche Spiller
  • Am Asaz zu Paräis: 40. Plaz an der Stroossecourse

Portrait Alex Kirsch
Lauschtert hei de kompletten Interview.

Den Alex Kirsch wäert zu Paräis eng éischte Kéier bei den Olympesche Spiller dobäi sinn. Den 32 Joer ale Lëtzebuerger ass nominéiert ginn, fir bei der Course en ligne un den Depart ze goen. Fir de Coureur vu Lidl-Trek geet domat en Dram an Erfëllung. Et war eent vun den Ziler, déi hien erreeche wollt, virun allem iwwer déi lescht 1-2 Joer, wou hie gemierkt huet, datt hie sech immens gutt weiderentwéckelt huet. "Ech denken, dass [...] op engem gudden Dag alles méiglech ass an ech setze mer do elo keng Limitten no uewen, mee awer och keen Zil, wou ech soen, dat muss ech minimum erreechen."

Den Alex Kirsch méi privat

Zanter 2001 ass den Alex Kirsch am Vëlossport aktiv. Deemools ass den Tour de Luxembourg laanscht der Famill Kirsch hir Hausdier gefuer, ma deen Ament wollt de Coureur vu Lidl-Trek nach näischt vum Vëlossport gesinn. Eréischt méi spéit deen Dag, wéi säi Papp mat lauter Bidonen heemkomm ass, ass den Interessi vum haut 32 Joer ale Sportler méi grouss ginn.

RTL

© Roland Miny (Archiv)

Wann den Alex Kirsch emol Fräizäit huet, da verbréngt hien déi am léifste mat senger Famill, wéi hien eis am Interview erzielt huet. Op d'Fro, wat hie gemaach hätt, wann en net Profisportler gi wier, do huet hien eis erkläert, datt hien Ekonomie studéiert huet an hie sech hätt kënne virstellen, Proff ze ginn.

"Ech krut eng Kéier gesot, dass een u sech eng Karriär start mat engem wäisse Blat Pabeier an dat probéiert een eben, esou voll wéi méiglech ze kréien zum Schluss vun der Karriär an dat ass u sech dat, wat mech all Dag motivéiert, do eng Linn méi ze kréien oder eben ze kucken, wéi vill een erreeche kann an deene Joren, déi een huet.", seet den Alex Kirsch op d'Fro, wou hie seng Motivatioun hierhëlt.

Dass hien elo bei den Olympesche Spiller un den Depart goen dierf, ass ee weider Stréch op deem Blat. Och fir d'Zukunft huet de Coureur vu Lidl-Trek awer nach weider Ziler.

RTL

© AFP

Reese mécht de Lëtzebuerger och gären an dat net nëmmen am Sport, mee och mat der Famill. Ofgesinn dovunner, datt hie vill Plaze wëll gesinn, gefält him perséinlech Mexiko immens gutt.

Wéi all déi aner Sportler hu mer och den Alex Kirsch gefrot, mat wiem hien zu Paräis gären e Kaffi géing drénke goen, do huet hien de Lebron James an den Novak Djokovic genannt, awer och säin Teamkomerod Mads Pedersen, dee säi beschte Kolleeg am Vëlossport ass.

Wien nach weider Saachen iwwer den Alex Kirsch wëll gewuer ginn, zum Beispill, wat hien no senger sportlecher Karriär wëlles huet oder wësse wëll, firwat hien de Lebron James an den Novak Djokovic wiele géing, dee ka sech de kompletten Interview ukucken an ulauschteren.