De leschte Weekend hat d'Lëtzebuergerin bei der Diamond League zu Paräis fir déi éischt Lëtzebuerger Victoire gesuergt. E Freideg ass et déi 4. Plaz ginn.

D'Sprinterin Patrizia van der Weken huet e Freideg den Owend beim Diamond-League-Meeting zu Monaco nees eng ganz staark Leeschtung gewisen. D'Lëtzebuergerin ass iwwer 100 Meter e Chrono vun 11,02 Sekonne gelaf an ass op déi 4. Plaz komm. Domadder ass si nëmmen 2 Honnertstel iwwert hirem Lëtzebuerger Rekord bliwwen.

Gewonnen huet d'Course d'Julien Alfred aus St. Lucia an enger Zäit vun 10,85 Sekonnen. Op d'Plazen 2 an 3 sinn d'US-Amerikanerin Tamari Davis (10,99 Sekonnen) an d'Europameeschterin Dina Asher-Smith (+10,99 Sekonnen) aus Groussbritannien gelaf.