No enger chaotescher wéi och dramatescher Finall huet Argentinien fir déi 16. Kéier d'Copa América gewonnen.

Chaos gouf et deemno schonn, ier de Match ugepaff gouf. Dosende Fans, wéi et schéngt ouni valabelen Ticket, wollte mat Hëllef vu Gewalt an den Hard Rock Stadion zu Miami eran, dowéinst goufen zäitweis d'Diere vun de Sécherheetsleit zougemaach. Hannert der Ofspärung sollt et zu engem Panik-Moment komme bei Temperaturen ëm iwwer 30 Grad an e puer Supporter hu misse versuergt ginn.

E puer Mol gouf den Upaff deemno verréckelt an dat am 15-Minutten-Takt. Eréischt um 3.22 Auer (21.22 Auer Lokalzäit) huet den Arbitter Raphael Claus de Match ugepaff, no quasi annerhallef Stonn Retard. Um Enn konnt sech Argentinien no enger Verlängerung mat 1:0 géint Kolumbien duerchsetzen.

Den decisive Gol huet den neie Rekordvainqueur Lautaro Martinez an der 112. Minutt geschoss. Do war de Kapitän Lionel Messi schonn net méi um Terrain. De Futtball-Star vum Inter Miami huet an der 66. Minutt ënner Tréine missen ausgewiesselt ginn. Hien hat sech ouni Awierkung vun engem Géigespiller um rietsen Enkel blesséiert.

Fir de Messi ass et mat Argentinien schonn déi zweet Victoire an enger fënnefter Copa-Finall. Bis zur nächster WM-Endronn an en USA, Mexiko a Kanada dauert et lo zwee Joer. Wéi et mam Messi weidergeet, ass nach komplett oppen. Bei der Finalissima d'nächst Joer kéint et zum Duell mam Europameeschter Spuenien kommen.

Fir den Angel Di Maria war et iwwerdeems definitiv de leschte Lännermatch fir Argentinien.