An der Finall, déi réischt an der 2. Hallschent sou richteg an d'Rulle komm ass, huet sech Spuenien um Enn verdéngt mat 2:1 géint England duerchgesat.

Resumé EM-Finall vum Serge Olmo

D'Spuenier gewannen den Titel fir déi 4. Kéier a sinn domadder elo Rekord-Europameeschter. No enger 1. Hallschent ouni Goler, war Spuenien kuerz nom Säitewiessel a Féierung gaangen. England konnt ronn 20 Minutte viru Schluss ausgläichen. An der 86. Minutt huet den Oyarzabal awer den entscheedende Gol markéiert a senge Faarwen den Titel geséchert.

An der 1. Hallschent war d'Uspanung bei béiden Ekippe grouss. Spuenien hat méi de Ball an huet deen och dréine gelooss. England hat sech gutt op Spuenien agestallt a stoung kompakt an der Ofwier. D'Intensitéit war dogéint héich an d'Spiller si mat vill Elan an d'Zweekämpf gaangen. Chancë gouf et dogéint bal keng. An der Nospillzäit huet de Foden et mat engem Schoss probéiert, den Unai Simon hat awer keng Problemer, deen ze halen. Mam 0:0 sinn dann och d'Säite gewiesselt ginn.

No der Paus huet Spuenien en anert Gesiicht gewisen. An der 47. Minutt konnt de Williams no enger Pass vum Yamal den 1:0 markéieren. Dono hat d'Ekipp vum Luis de la Fuente duerch Olmo, Morata an nach emol Williams weider gutt Méiglechkeeten op den 2:0. De Southgate huet reagéiert an de Watkins an de Palmer agewiesselt. Dee Wiessel sollt och belount ginn. Kuerz nodeems de Palmer op den Terrain komm ass, konnt hien den 1:1 markéieren. De Saka hat de Ball op de Bellingham gepasst, den huet en op de Palmer erausgeluecht. Mat engem placéierten Distanzschoss huet de Palmer ausgeglach.

D'Partie war nees equilibréiert, mee Spuenien huet zum Schluss den Tempo nach emol erhéicht. De Yamal war nach um Pickford hänke bliwwen. 4 Minutte viru Schluss ass dunn den entscheedende Gol gefall. No enger Flank vum Cucurella huet den Oyarzabal an der Mëtt de Fouss dohi gehalen an de Ball am Filet ënnerbruecht. England hat an der 90. Minutt déi grouss Chance op den 2:2, den Dani Olmo konnt awer op der Linn klären. Um Enn huet Spuenien zu Berlin am Olympiastadion verdéngt mat 2:1 gewonnen a sech den Europameeschtertitel geséchert. England huet dogéint déi 2. EM-Finall hannertenee verluer. D'Leeschtung huet an der Finall awer gestëmmt.

Hei fannt Dir de Liveticker vun der Finall fir nozeliesen.