Thomas Müller verléisst däitsch Futtballnationalekipp

© IMAGO/Schüler/SID/IMAGO/Marc Schueler via AFP
Den 131-molegen Nationalspiller hat dëst scho lescht Woch annoncéiert. Elo ass offiziell, datt hie seng lescht Partie fir de "Bundesadler" gespillt huet.
An engem Videomessage an de soziale Reseauen huet de 34 Joer alen Thomas Müller senge Fans Merci gesot, fir d'Ënnerstëtzung an all deene Joren. "Wéi ech virun iwwer 14 Joer mäin éischte Lännermatch hunn däerfen absolvéieren, hätt ech mir all dat net kéinten erdreeme loossen. No 131 Lännermatcher mat 45 Goler soen ech dem Bundesadler haut Servus", esou de Profi vum FC Bayern.
Am Mäerz 2010 hat den Thomas Müller säin éischte Match fir Däitschland géint Argentinien gespillt. Géint dee selwechte Géigner ass en 2014 bei der WM a Brasilien Weltmeeschter ginn. Insgesamt huet hien u 4 Weltmeeschterschaften a 4 Europameeschterschaften deelgeholl. Bei senger éischter WM 2010 a Südafrika, konnt de Müller souguer beschte Buteur ginn. Säi leschte Match fir déi Däitsch war d'EM-Véierelsfinall-Néierlag géint Spuenien, de 5. Juli.