"Ech sinn ëmmer ënnerwee, ech vermësse mäin Doheem immens"

An eiser Serie iwwer d'Lëtzebuerger Sportler, déi bei den Olympesche Spiller dobäi sinn, wëlle mir Iech de Mënsch hannert dem Sportler méi no bréngen.
- Sport: Dëschtennis
- Disziplin: Eenzel
- Gebuertsdatum: 04.07.1963
- 6. Participatioun bei Olympesche Spiller
- Am Asaz zu Paräis: 1/32-Finall gewonne mat 4:2 géint d'Sibel Altinkaya; Out an der 1/16-Finall no 0:4-Defaite géint d'Sun Yingsha (Nr. 1 op der Welt)
Mat 61 Joer wäert d'Ni Xia Lian zu Paräis eng 6. Kéier bei den Olympesche Spiller dobäi sinn. Trotz hirem Alter gehéiert déi fréier Welt- an Europameeschterin nach ëmmer zu de 50 beschten Dëschtennisspillerinne vun der Welt. Fir d'Olympesch Spiller zu Paräis huet si sech virgeholl, nach eemol hiert Bescht ze ginn.
D'Ni Xia Lian méi privat

© Manfred Schillings
D'Ni Xia Lian ass zu Shanghai gebuer an opgewuess an huet och do hir Passioun fir den Dëschtennis entdeckt. A China ass et jo eng vun de beléifste Sportaarten a gëtt vill op der Tëlee gewisen an d'Leit spillen et an der Strooss. Mat 7 Joer huet d'Ni Xia Lian dunn och ugefaange mat hirem Sport.
Op hir Hobbyen nieft dem Sport ugeschwat, sot si, datt déi am Laf vum Liewen extrem variéiere géingen. Wann ee méi jonk ass, géif ee sech zum Beispill fir Musek interesséieren, mëttlerweil ass si gären a schafft gären Doheem.
Der 61 Joer aler Lëtzebuergerin ass wuel bewosst, datt si Talent huet, ma hirer Meenung no kann een nëmmen erfollegräich sinn, wann een haart u sech schafft. Dofir misst een awer ëmmer säin absolut Bescht ginn, 99 Prozent wieren net genuch.
An all deene Joren, an deene si elo schonns professionell Dëschtennis spillt, huet si vill erlieft. Hir schéinst Erënnerung ass de Weltmeeschtertitel mat der chineesescher Nationalekipp am Joer 1983. Zanter 1991 vertrëtt si de Grand-Duché op internationaler Bün. Wéi si China deemools verlooss huet, huet si net dru geduecht, datt si nach eemol eng "zweet Karriär" hätt. Ma wéi si zu Lëtzebuerg ukoum, huet d'Ni Xia Lian realiséiert, datt si eppes fir d'Land maache kann an dorop ass si houfreg.
"Ech sinn ëmmer ënnerwee, ech vermësse mäin Doheem immens", seet d'Ni Xia Lian. Dofir ass net nëmmen hir Liblingsplaz, mee och hir Liblingsreesdestinatioun hiert Doheem zu Ettelbréck.
Wie gewuer wëll ginn, wéi eng Olympesch Spiller dem Ni Xia Lian bis elo am beschte gefall hunn a wou si hir Motivatioun hierhëlt, dee ka sech de kompletten Interview ukucken an ulauschteren.

1998 ass d'Ni Xia Lian zu Eindhoven Europameeschterin ginn.