Well zanter Januar hate sech déi 4 Partner vun dëser flotter Initiativ getraff. Et sinn dat Special Olympics Lëtzebuerg, de Club Senior Prënzebierg, de Judendtreff Saba an d’Fédération Luxembourgeoise de Boules et Pétanque.
Um leschte vun den 13 Traininge waren d’Spiller an d’Spillerinne wéi gewinnt motivéiert.
Haaptsächlech geet et drëms, d’Inklusioun ze promouvéieren. D’Special Olympics Lëtzebuerg, déi Sportaktivitéite proposéiere fir Jonker a manner Jonker mat intellektuelle Beanträchtegungen, bidde 14 Sportaarten uechtert d’Land un. Ronn 260 Athlete maache reegelméisseg mat a gi vu ronn 70 Benevoller encadréiert.
Et ass beim Bocce spillen e flotten Echange, mee et goung e Samschdeg net nëmmen ëm den Turnéier. D’Special Olympics sinn ëmmer frou, wa sech nei Elementer melle fir mat hire Membere Sport ze maachen. Déi Jugendlech vum Jugentreff Saba hu schonn emol d’Special Olympics Athlete kenne geléiert.
Dat Ganzt gouf scho seriö gehandhaabt vun Arbitter an der zoustänneger Lëtzebuerger Federatioun.
Bei de Special Olympics-Athleten ass een natierlech frou, eng gutt Leeschtung ze bréngen an ze gewannen, mee wichteg ass, datt et keng Verléierer gëtt.
Elo ass Summerpaus. Am September wäerte sech déi 4 Partner nees an där Konstellatioun fir eng nei Saison erëmgesinn.