En Dënschdeg war den FC Déifferdeng 03 am Kader vum zweeten Tour vun der Conference-League-Qualifikatioun am Asaz. Dobäi ass et géint Schymkent gaangen.

Nodeems Déifferdeng géint Klaksvik am éischten Tour vun der Champions-League-Qualifikatioun de Kierzere gezunn hat, hunn d'Minetter elo missen am zweeten Tour vun der Conference-League-Qualifikatioun untrieden. Do gouf et fir Déifferdeng am Allersmatch eng verdéngten 1:0-Victoire géint de kasachesche Veräin Ordabassy Schymkent. Domadder hunn déi Déifferdenger deen éischte Schratt a Richtung drëtten Tour gemaach, soudatt si an enger komfortabeler Positioun fir de Réckmatch sinn.

Déifferdeng wënnt géint Schymkent / Rep. Serge Olmo

D'Spectateure kruten en Dënschdegowend eng gutt Prestatioun vun der Lokalekipp ze gesinn, déi vun Ufank un a Richtung kasachesche Gol gespillt huet. Schonn no 10 Minutte sinn déi Déifferdenger fir d'éischte Kéier ganz geféierlech virum Gol vum Ignatovich opgedaucht, deen e schéi gezierkelte Schoss vum Trani mat enger sensationeller Parad an de Corner deviéiere konnt. Och duerno hunn déi Déifferdenger d'Gäscht vu Schymkent an hir eegen Hallschent gedréckt, mä weder den Jorginho mat sengem Volleyschoss an der 18. Minutt, nach de Silva mat sengem Distanzschoss an der 22. Minutt konnten de Ball am Gol vun Ordabassy Schymkent ënnerbréngen. U sech huet bei den Déifferdenger an der éischter Hallschent alles gepasst, just de Gol huet gefeelt. No weidere gudden Occasioune sollt den Jorginho déi Minetter an der 37. Minutt dunn awer erléisen: De 26 Joer jonke Portugis konnt en Noschoss zum 1:0 fir Déifferdeng erakäppen, nodeems de Silva mat engem fulminante Schoss aus 30 Meter de kasachesche Golkipp op d'Prouf gestallt huet, deen de Ball allerdéngs just un d'Lat deviéiere konnt. Vun Ordabassy Schymkent war an der éischter Hallschent net vill ze gesinn. Just an der 41. Minutt ass et op hirer Säit eng Kéier geféierlech ginn. Dëst nodeems den Umarov an d'Lach geschéckt konnt ginn. Allerdéngs konnt dësen de Ball net cadréieren, soudatt d'Chance am Näischt verpufft ass. Duerno ass näischt méi geschitt an déi Déifferdenger sinn deemno mat enger verdéngter 1:0-Avance an d'Kabinne gaangen.

RTL

© Steven Milbert

Nom Téi hunn déi Déifferdenger do weidergemaach, wou si an der éischter Hallschent opgehalen hunn. Si hu weider monter opgespillt an hu probéiert fir den zweete Gol ze markéieren. Mä och Ordabassy Schymkent huet an den zweete 45 Minutte besser matgespillt, soudatt d'Kasachen och zu hire Chancë komm sinn. Dëst virun allem duerch den Umarov, deen allerdéngs dacks onglécklech am Ofschloss gewierkt huet. Déi méi geféierlech Ekipp war awer nach ëmmer Déifferdeng an d'Minetter hätte bei enger Kontersituatioun misse mat 2:0 a Féierung goen, allerdéngs huet den Jorginho an der Situatioun de Ball verträntelt, soudatt d'Kasache genuch Zäit haten, fir nozeréckelen. Mä och duerno haten déi Déifferdenger nach eng sëllege Chancen, mä den Ignatovich konnt souwuel géint de Silva an der 62. Minutt, ewéi och géint de Borges an der 68. Minutt de Gewënner bléiwen, soudatt et aus Déifferdenger Siicht just bei enger 1:0-Avance bliwwen ass. Vun der 70. Minutt u sinn d'Chancë méi rar ginn, allerdéngs hunn déi Déifferdenger de Match weider geréiert, soudatt Ordabassy Schymkent ni richteg geféierlech virum Gol vun de Minetter opdauche konnt. Doriwwer eraus ass de Match an der Schlussphas och méi ruppeg ginn an d'Kasache si ferm drënner gaangen, soudatt et an de leschte 15 Minutte méi giel Karten ewéi Schëss op de Gol ginn ass. Um Enn sollte sech déi Déifferdenger dovun awer net aus der Rou brénge loossen, soudatt si de Match verdéngt mat 1:0 gewannen a mat engem gudde Gefill d'nächst Woch a Kasachstan reese kënnen.