De franséischen Traditiounsveräin, dee sechs Mol Meeschter konnt ginn a véier Mol déi franséisch Coupe gewanne konnt, rutsch deemno weider of.

Am Futtball spillt Bordeaux bei der Reprise vum Championnat 24/25 an der drëtter franséischer Divisioun. De franséischen Traditiounsveräin huet d'lescht Saison an der Ligue 2 zwar op der 12. Plaz an der Tabell ofgeschloss, gouf awer duerch d'Finanzkontrollkommissioun vum franséische Futtball wéinst der mësslecher finanzieller Situatioun an déi drëtt Divisioun zeréckgesat.

De Club vum President Gérard Lopez huet en Dënschdeg annoncéiert den Appell géint déi Decisioun zeréckzezéien an d'Retrogradatioun ze akzeptéieren.