Fir den Optakt vum 5. Spilldag huet sech Diddeleng zu Wolz mat 4:0 duerchgesat. Den Hadji huet dobäi 3 Goler markéiert.

Virun 388 Spectateuren huet Diddeleng vun Ufank un de Match dominéiert. Den Hadji huet seng Faarwe mat engem Eelefmeter a Féierung bruecht. Vun der Heemekipp koum keng Géigewier an d'Gäscht hunn tëscht der 21. an der 39. Minutt dräi weider Goler geschoss. Den Delorge hat op 2:0 erhéicht, den Hadji huet d'Resultat mat 2 weidere Goler op 4:0 eropgeschrauft. Den David Vandenbroeck war net zefridde mat senger Ekipp an huet nach virun der Paus dräimol gewiesselt.

Nom Säitewiessel huet den F91 d'Partie geréiert a Wolz huet probéiert de Schued a Grenzen ze halen. Béid Ekippen hu bis zum Schluss no vir gespillt, e weidere Gol sollt awer net falen. Kuerz viru Schluss krut den Diddelenger Vincent Decker nach déi rout Kaart gewisen. Um Schlussresultat huet dat näischt méi geännert.

Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler
Wolz - F91 Diddeleng 0:4
0:1 Hadji (15', Eelefmeter), 0:2 Delorge (21'), 0:3 Hadji (30'), 0:4 Hadji (39')

D'Tabell