Heidenheimer Marsch geet weider

© AFP
Am zweete Bundesliga-Match klappt München Freiburg 2:0. An England verspillt Tottenham wichteg Punkten a ManU verléiert géint den Erzrival Liverpool.
A Schottland koum et e Sonndeg zum eelsten Derby vum Futtball: dem Old Firm. Do huet Celtic mat 3:0 kloer d'Iwwerhand géint d'Glasgow Rangers behalen.
Bundesliga
Heidenheim - Augsburg 4:0
1:0 Wanner (9'), 2:0 Scienza (30'), 3:0 Beck (69'), 4:0 Breunig (73')
D'Feierdeeg zu Heidenheim gi weider. No der klorer Victoire am DFB-Pokal, der Qualifikatioun fir d'Gruppephas vun der Conference League an dem gudde Start an der Bundesliga war och um zweete Spilldag kee Kraut géint d'Ekipp vum Frank Schmidt gewuess. Schonn an der 8. Minutt krut Heidenheim vum VAR en Eelefmeter zougesprach, deen de Wanner verwandele konnt. Och wann d'Lokalekipp an der Paus 2:0 vir louch, hat Augsburg och seng Méiglechkeeten. Dat selwecht Spill huet sech de Spectateuren och am zweeten Duerchgang gewisen. Augsburg huet et probéiert, huet awer net de Wee an de Gol fonnt. Heidenheim war méi clever an huet nach zwee Goler drop gesat.
Bayern München - Freiburg 2:0
1:0 Kane (38', Eelefmeter), 2:0 Müller (78')
D'Bayern hunn hiren éischten Heemmatch ënnert dem neien Trainer Kompany gewonnen, awer ouni ze glänzen. Den däitsche Rekordmeeschter war wuel dominant an huet Freiburg keng Chance gelooss, säi Spill opzezéien, et huet awer en Eelefmeter mussen hierhalen, well déi kloer Golchancen awer gefeelt hunn. Freiburg huet am zweeten Duerchgang versicht, méi fir d'Spill ze maachen, hat awer net déi néideg Reussite. München hat bis zur 78. Minutt net vill Offensivaktiounen an den zweete 45 Minutten, mee de Müller huet sech a sengem Rekordmatch mat engem Gol belount an de Bayern domat déi zweet Victoire bruecht. Den Höler huet an der Nospillzäit nach en Eelefmeter fir Freiburg verschoss.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Premier League
Chelsea - Crystal Palace 1:1
1:0 Jackson (25'), 1:1 Eze (53')
Newcastle - Tottenham 2:1
1:0 Barnes (37'), 1:1 Burn (56', Eegegol), 2:1 Isak (78')
Et schéngt, wéi wann Tottenham eng nei Auswäertsschwächt huet. Véier vun de leschte sechs Matcher hunn d'Spurs verluer. Obwuel géint Newcastle alles fir d'Londoner geschwat huet, fuere si um Enn mat eidelen Hänn heem. Déi éischt Hallschent goung ganz kloer un Newcastle, déi zur Paus och verdéngt vir waren. Nom Säitewiessel huet Tottenham d'Heft an d'Hand geholl a vun engem Eegegol vum Burn profitéiert. Wéi et ausgesinn huet, wéi wann d'Spurs de Match zu hire Gonschten dréine kéinten, goufe si ausgekontert a stinn no 3 Spilldeeg op der 10. Plaz.
Manchester United - Liverpool 0:3
0:1 Diaz (35'), 0:2 Diaz (42'), 0:3 Salah (56')
Liverpool bleift ënnert dem neien Trainer Arne Slot ouni Punktverloscht an ouni Géigegol. ManU par contre huet no 3 Spilldeeg eréischt 3 Punkten. D'Reds ware vun Ufank un an der Partie, hunn awer mussen op zwee Feeler vum Casemiro waarden, fir zu hire Goler ze kommen. ManU wollt nom Säitewiessel äntweren a koum och zu senge Chancen, awer de Salah huet der Manchesterer Hoffnung en Enn gesat.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Serie A
Florenz - Monza 2:2
0:1 Djuric (18'), 0:2 Maldini (32'), 1:2 Kean (45'), 2:2 Gosens (90'+6)
Wat en éischte Match fir de Robin Gosens. Zwee Deeg no sengem Transfert op Florenz huet den Däitschen direkt de wichtege Gol zum Ausgläich geschoss. Dobäi war seng nei Ekipp méi wéi 70 Minutten engem Réckstand hannendru gelaf. Florenz, déi och an der Conference League um Ball sinn, hunn an der Serie A no dräi Matcher dräi Gläichspiller um Kont a stinn op der 11. Plaz.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Ligue 1
Monaco - Lens 1:1
1:0 Zakaria (84'), 1:1 Frankowski (90'+4)
Monaco bleift mat hirem Trainer Adi Hütter an der neier Saison ongeschloen. Am Spëtzematch géint den RC Lens kruten d'Spectateuren eréischt spéit Goler ze gesinn. Nodeems Lens e Gol vum VAR wéinst Foulspill am Virfeld oferkannt krut, hat de Zakaria d'Monegassen a Féierung geschoss. Lens konnt awer nach an der Nospillzäit ausgläichen, soudass béid Ekippen Tabellennoperen an den Top 4 sinn.
Angers - Nice 1:4
0:1 Ndayishimiye (6'), 0:2 Boudaoui (25'), 1:2 Abdelli (67'), 1:3 Guessand (72'), 1:4 Guessand (85')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1