Beetebuerg klappt Monnerech, Hesper iwwerrennt Rouspert
De Racing geet op Diddeleng gewannen an Déifferdeng klappt am Derby Péiteng. Munneref setzt sech géint Wolz duerch.
Beetebuerg feiert seng zweet Victoire nom Retour an d'BGL Ligue. Den Opsteiger gewënnt 2:0 beim direkte Konkurrent Monnerech a verschäerft d'Situatioun bei de Schwaarz-Rouden, déi nach ëmmer ouni Punkt do stinn. Et war eng gutt éischt Hallschent, wou sech béid Ekippen net verstoppt hunn. E perfekte Konter gouf vum Bonet mat engem Gol finaliséiert. D'Monnerecher hate wuel méi Ballbesëtz, mee keng richteg Golchancen. Och am zweeten Duerchgang huet Monnerech den Tempo diktéiert, awer weiderhin ouni déi néideg Reussite. An der 80. Minutt huet Beetebuerg eng zweet Kéier zougeschloen an de Sak zougemaach. An der Nospillzäit hunn d'Gäscht nach en Eelefmeter leie gelooss.
Am Owesmatch huet de Progrès Nidderkuer kuerze Prozess mam Noper vu Rodange gemaach. Um Enn stoung e 4:0 zu Gonschte vun de Schwaarz-Gielen um Tablo. An den éischte 45 Minutten huet de Progrès vill méi fir de Match gemaach wéi Rodange an hat och méi Ballbesëtz. Rodange huet sech och net verstoppt, mee hat dem Drock vun der Lokalekipp näischt entgéintzesetzen. Nidderkuer konnt de Match bannent 15 Minutten decidéieren, wéi hinnen dräi Goler gelonge sinn. An der zweeter Hallschent huet sech de Spectateuren dat selwecht Bild gebueden. D'Ekipp vum Jeff Strasser konnt no 55 Minutten de 4:0 schéissen, woumat de Match gelaf war. Géint Enn vum Match huet de Jousselin de Ball an den eegene Gol bugséiert, éier de Burban den ale Virsprong nees hiergestallt huet.
Hesper huet Rouspert mat engem 5:0 heemgeschéckt, wärend de Racing déi voll Punktzuel vun Diddeleng mat heem geholl huet.
Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler
F91 Diddeleng - Racing Union 2:4
1:0 Rotundo (5'), 1:1 Mazié (20'), 1:2 Monge (48'), 2:2 Hadji (63'), 2:3 Seydi (85'), 2:4 Mazié (90'+2)
Swift Hesper - Victoria Rouspert 5:0
1:0 Simao Martins (12'), 2:0 Belameiri (20'), 3:0 Sierck (36', Eegegol), 4:0 Kyere (52', Eegegol), 5:0 Bouhmidi (90')
Union Titus Péiteng - FC Déifferdeng 03 0:1
0:1 Costa Monteiro (Jorginho) (28')
FC Monnerech - SC Beetebuerg 0:2
0:1 Bonet (17'), 0:2 Maconda (80')
US Munneref - FC Wolz 3:2
1:0 Fournier (2'), 2:0 Hasanbegovic (37'), 2:1 Schroeder (50'), 2:2 Romeyns (87'), 3:2 Lopes (90')
Fola Esch - UNA Stroossen 0:1
0:1 Nogueira Albuquerque De Souza (9')
Progrès Nidderkuer - FC Rodange 5:1
1:0 Bah (24'), 2:0 Natami (31'), 3:0 Bah (39'), 4:0 Natami (55'), 4:1 Jousselin (81', Eegegol), 5:1 Burban (88')