Damme vun Hueschtert an Häre vu Walfer wannen de Supercup

© FLBB
E Sonndeg gouf zu Keel de Supercup bei den Dammen an den Häre gespillt.
Traditionell sti sech am Supercup de Champion an de Coupe-Gewënner vun der leschter Saison géintiwwer. Bei den Damme konnt sech de Champion Gréngewald Hueschtert mat 92:85 géint den T71 Diddeleng behaapten. Diddeleng louch an der Paus 39:52 hannen, konnt sech zeréck an de Match kämpfen, mee huet um Enn eng Néierlag kasséiert. Bescht Spillerin vum Match war déi nei Hueschterter Profispillerin Alexus Johnson, déi net manner wéi 41 Punkten an 21 Rebounds um Kont stoen hat.

© FLBB
Bei den Hären huet sech d'Résidence Walfer no enger enker Schlussphas mat 84:82 géint d'Amicale Steesel duerchgesat. De Champion vu Steesel konnt sech an der éischter Hallschent ofsetzen a louch 44:31 vir. Walfer huet sech no der Paus allerdéngs méi staark presentéiert an de Match gouf am leschte Véierel entscheet. Mat 39 Punkten huet den Amerikaner Leon Ayers bei der Résidence iwwerzeegt, den Oliver Vujakovic konnt 15 Punkten zur Victoire bäisteieren.

© FLBB
Nächste Freideg ass den Optakt vum nationale Championnat bei den Hären, dat mat zwee Matcher. Den Opsteiger Hiefenech spillt doheem géint Walfer an den zweeten Opsteiger Munneref trëfft op Bartreng. Bei den Dammen stinn déi éischt Matcher e Samschdeg um Programm, dat ënner anerem mat engem weideren Duell tëschent Diddeleng an Hueschtert.