Et war net den einfachste Spilldag fir Leit, déi gären op Sport wetten. Verschidde Resultater an der NFL konnt ee schwéier virausgesinn.

Dorënner dat vun de Panthers, déi de Quaterback gewiesselt hunn a bei deenen et du klappt. De Veteran Andy Dalton nämlech huet sech an der Partie géint d'Raiders wéineg Feeler erlaabt, huet 26 vu 37 Passe fir 319 Yards un de Mann bruecht an huet mat dräi Touchdownpassen e groussen Undeel drun, datt seng Panthers zu Las Vegas mat 36:22 gewanne konnten. D'Raiders musse sech virwerfe loossen, ze spéit erwächt ze sinn, well eréischt am leschte Véierel hu si 15 vun hiren 22 Punkte gemaach.

Weider op der Gewënnerstrooss bleiwen d'Vikings, d'Seahawks, d'Steelers an d'Chiefs. D'Wikinger hate beim 34:7 doheem géint d'Texans wéineg Problemer, d'Steelers wanne mat 20:10 Recht kloer bei den Chargers an och d'Seahawks hunn d'Dolphins, deenen hire Star-Quarterback feelt, beim 24:3 däitlech dominéiert. D'Chiefs hate beim Sunday-Night-Game do däitlech méi Schwieregkeeten. Beim Stand vun 22:17 fir d'Chiefs konnt hir Defense d'Falcons Zentimeter virun engem neien Down stoppen, dat kuerz virun der Endzon. Fir de Mahomes huet et du geheescht, nach dräi Mol op d'Knéie goen a d'Partie fir sech decidéieren.

Datt een och ouni seng Stare gewanne kann, hunn d'Rams géint d'49ers bewisen. Well si konnten ouni hir zwee Starreceiver, Cooper Kupp a Puka Nacua, doheem 27 Punkte am Kalifornien-Duell markéieren, San Francisco krut der just 24 op d'Tafel. Dobäi waren d'Gäscht aus dem Norde vum Bundesstaat nach 14:0 respektiv 21:7 am Avantage. Ma der Ekipp aus Los Angeles sinn 20 Punkte an där Zäit gelongen, wou d'49ers der just 3 hikruten, wat fir eng knapp Victoire um Schluss duergaangen ass.

D'Resultater am Iwwerbléck

New England Patriots - New York Jets 3:24

New York Giants - Cleveland Browns 21:15

Chicago Bears - Indianapolis Colts 16:21

Houston Texans  - Minnesota Vikings 7:34

Philadelphia Eagles - New Orleans Saints 15:12

Los Angeles Chargers - Pittsburgh Steelers 10:20

Denver Broncos - Tampa Bay Buccaneers 26:7

Green Bay Packers - Tennessee Titans 30:14

Carolina Panthers - Las Vegas 36:22

Miami Dolphins - Seattle Seahawks 3:24

Detroit Lions - Arizona Cardinals 20:13

Baltimore Ravens - Dallas Cowboys 28:15

San Francisco 49ers - Los Angeles Rams 24:27

Kansas City Chiefs - Atlanta Falcons 22:17

Jacksonville Jaguars - Buffalo Bills 10:47

Washington Commanders - Cincinnati Bengals 38:33