3 Wochen no senger Victoire bei den US Open, kéint et elo dach nach zu enger laanger Doppingspär kommen.

D'Welt-Anti-Doping-Agence WADA geet géint de Fräisproch vum italieeneschen Tennisspiller an Appell. De Jannik Sinner gouf jo am Mäerz bei zwee Tester positiv op déi illegal Steroiden Clostebol getest.

D'Beuerteelung vun engem onofhängege Geriicht, dass dem Sinner keng Schold eng kee Feeler virzegeheien wier, wier "ënnert de gëltege Reegelen net korrekt", sou d'WADA e Samschdeg. D'Agence fuerdert eng Spär tëscht 1-2 Joer.

D'Resultater dogéint sollen der WADA no net annuléiert ginn.