Käerjenger Ophueljuegd gëtt net belount

© Gilles Tricca
Bierchem an Esch hate keng Problemer zu Rëmeleng respektiv géint de Standard. Déifferdeng an Dikrech schléissen de Spilldag e Sonndeg of.
Axa League Hären
Diddeleng behaapt sech in extremis 37:35 zu Käerjeng. Käerjeng huet eng staark Reaktioun op déi héich Néierlag zu Bierchem gewisen. An den éischte Minutten huet d'Ekipp vum Trainer Zoran Radojevic wéi aus engem Goss gespillt. Virun allem de jonke Yakub Lallemang huet op sech opmierksam gemaach a Käerjeng huet konzentréiert Attacke gefuer. Diddeleng huet sech an den éischte Minutte vill technesch Feeler a Ballverloschter geleescht.
No mol net 10 Minutten huet den HBD-Trainer Martin Hummel den éischten Timeout geholl, uschléissend ware seng Männer besser am Match. Och den Thierry Hensen am Diddelenger Gol war mat enger Rei Paraden de Garant fir d'Ophueljuegd vum HBD. An der Paus louch Diddeleng 19:16 vir.
Diddeleng huet sech e klore Virsprong erausgespillt an et hat ee gemengt, de Match wär decidéiert; deem war awer net esou. Käerjeng koum, ugedriwwe vum staarke Yakub Lallemang, deen insgesamt 11 Goler markéiere konnt, zeréck, soudass et an de leschte Minutten nach eng Kéier enk gouf. De Mika Herrmann, dee mëttlerweil am Gol stoung, huet d'Victoire fir den HBD an de leschte Minutte festgehalen.
No der héijer Néierlag ënnert der Woch géint den direkte Konkurrent Standard huet sech d'Esperance Rëmeleng och géint den HC Bierchem eng gefaangen. Um Enn stoung en 21:36 aus Rëmelenger Siicht um Tablo. Rëmeleng konnt déi éischt 15 Minutte wuel gutt mathalen, mee duerno ass hinne wärend 10 Minutte kee Gol méi gelongen, sou dass Bierchem e kloren Ecart erausspille konnt. Nom Halbzeitstand vu 17:9 hunn d'Réiserbänner de Virsprong kontinuéierlech ausgebaut a ginn als verdéngte Gewënner vum Terrain.
Mat der Victoire géint Rëmeleng ënnert der Woch konnt den HC Standard Selbstvertrauen tanken. Den HB Esch war awer eng Nummer ze grouss fir d'Ekipp aus der Haaptstad. No enger enker éischter Hallschent goufen d'Säite mat 11:9 fir Esch getosch. De Standard ass uschléissend konstant engem 5-Goler-Réckstand nogelaf an hat an de leschten 10 Minutten net méi déi néideg Energie. Esch gewënnt um Enn kloer 27:19 géint de Standard.
Um Sonndeg haten d'Red Boys keng Problemer mam ChevDikrech, soudass et um Enn 32:24 fir de Favorit aus Déifferdeng ausgaangen ass.
Axa League Dammen
Bei den Damme gëtt dëse Weekend wéinst enger internationaler Woch kee Championnat gespillt. D'Lëtzebuergerinnen hunn hir Form fir d'WM-Qualifikatioun am Oktober an zwee Frëndschaftsmatcher géint d'Belsch getest.