De Weekend huet den nationalen Dëschtennis-Championnat nees ugefaangen.

Recken ass géint den Opsteiger aus Nidderkäerjeng als Favorit an de Match gaangen a louch no enger staarker Leeschtung vum Matas Skucas mat 3:1 a Féierung. Um Enn huet et 6:2 fir den Halleffinalist aus dem Virjoer geheescht, ma Nidderkäerjeng huet phaseweis mat Recke mathale kënnen.

De Vizechampion Berbuerg ass senger Favoritteroll gerecht ginn an huet Iechternach6:2 geklappt. Iechternach war zwar 1:0 a Féierung gaangen, ma dono huet Berbuerg op 4:1 gestallt, eng Avance déi Iechternach net méi opzehuele war.

Och Lëntgen konnt sech an der eegener Hal mat 6:2 géint Diddeleng duerchsetzen. Nodeems ee mat 1:1 an de Match gestart ass huet sech d'Qualitéit vun der Lokalekipp gewisen, déi d'Partie an der Suite dominéiert hunn a just nach ee Punkt hu missen ofginn.

Um Sonndeg huet Houwald mat 4:6 géint Lénger de Kierzere gezunn. An engem Match op Aenhéicht konnt keng Ekipp dovun zéien, soudass d'Entscheedung am Dubbel gefall ass. Hei hu Sahr/Kill a Michely/Cloos béid a 4 Sätz gewonnen, woumat Lénger ee gelongene Start an déi nei Saison feiert.

Den Titelverdeedeger Hueschtert-Folscht ass als klore Favorit sn d'Partie géint Esch gaangen an huet sech um Enn däitlech mat 6:0 behaapt. Ma et ass allerdéngs och dräimol an en decisive Saz gaangen, soudass d'Partie net ganz sou eesäiteg war, wéi ee beim Resultat menge kéint.

D'Resultater am Iwwerbléck