Op der Weltmeeschterschaft am Kutschefueren, kënnt d'Marie Schiltz op déi 4. Plaz a verpasst d'Bronzemedail nëmme knapps.

Eng 4. Plaz gouf et och fir d‘Lëtzebuerger Ekipp mam Nicolas Kandel, dem Fränz Schiltz an dem Marie Schiltz. Dat ass dat beschte Resultat vun der Lëtzebuerger Ekipp, op enger WM, dat et bis elo gouf.  D‘Weltmeeschterschaft war zu Le Pin Frankräich.